an engem naturgebitt: cycle 2 + cycle 3 kiischteknäppchen ... · de mound, d’asteroïden… sinn...
TRANSCRIPT
Kiischteknäppchen Kanecher Wéngert 3 Stonnen / 6 StonnenEng spilleresch Rettungsaktioun vum Kiischteknäppche sengen Eeër, Fiddere vun deene Klengen am Nascht, éischt Fluchstonnen a grouss Sich wou déi kleng Villercher sech verluer hunn.
Schatzkaart Kanecher Wéngert 3 Stonnen / 6 StonnenEng abenteuerlech Schatzsich duerch de Wéngertsbierg an de Fousstrëtt vum ale Wënzer.
Der Syr op der Spur Manternach 3 Stonnen Laanscht d’Syr entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen, awer och d’Waasserkraaft an d’Millen, déi domat bedriwwe goufen. Mat Stiwwelen an Netz gi mir op d’Sich no allem wat am Waasser wibbelt.
Cycle 3 + Cycle 4, Secondaire 7e
Zäitrees Buerglënster 3 Stonnen / 6 Stonnen Spannend Aktivitéiten op enger flotter Zäitrees: Fossilie sichen, Feier maachen wéi an der Steenzäit, Schutzwall bauen wéi bei de Kelten, Buerg verteidegen wéi bei de Ritter…
Heckendetektiv Manternach3 StonnenOfwiesslungsräich Spiller a Beobachtunge bréngen eis d’Zesummenhäng vun Heck an Ëmwelt méi no.
Cycle 1 Spillschoul + Cycle 2
Naturspiller Iechternacher Séi3 Stonnen / 6 StonnenVill flott Naturspiller weisen eis d’Liewen am a ronderëm de Séi.
Déieren am Bësch Ellergronn3 Stonnen / 6 StonnenOp der Sich no Déieren an hire Spuren am Bësch an an der Ausstellung vun der Naturverwaltung.
Eraus aus dem Nascht Biodiversum Remerschen2 Stonnen18.03. – 05.04.2019Spilleresch entdecke mir eenheemesch Vullenaarten, hir Liewensweis, aus wat hir Näschter gebaut sinn a wéi hir Eeër ausgesinn. Mir bauen och selwer een Nascht.
Cycle 2 + Cycle 3
Bommel, Bei a Biodiversitéit Manternach
3 StonnenSpilleresch léiere mir Bommelen a Wëllbeie kennen. Hier wichteg Roll als Bestäuber a fir d’Biodiversitéit gëtt eis bewosst.
Vullen op der Fudderplaz Ellergronn
2 StonnenWéi eng Vulle kommen am Wanter op d’Fudderplaz? D’Kanner maachen hiert eegent Vullefudder fir mat heem ze huelen.
Fotos: mnhn; shutterstock
Verschidden Naturgebidder uechter d’Land hunn eis extra Flottes ze bidden. Entdeckt d‘Natur mat engem Guide vum ‘natur musée‘. Naturerfarung, Spill a Spaass si garantéiert!
Schatzkëscht Buedem Mompech 3 Stonnen1.10. – 30.11.2018Mir erliewen an erfuerschen de Buedem. Aus wat besteet Buedem? Wéi ass en entstan? Wéi eng Roll spille Buedem a Steng an eisem Patrimoine? Am Häerz vum Dierfche Mompech maache mir Beobachtungen a praktesch Aktivitéite bannen a baussen. An Zesummenaarbecht mam Naturpark Mëllerdall, dem Service des Sites et Monuments Nationaux an dem LUCA.
Fliedermais Biodiversum Remerschen2 Stonnen1.10. – 22.10.2018 Mat Hëllef vun enger flotter Ausstellung léiere mer déi nuetsaktiv Flanterdéiere besser kennen.Wann se net am Dag mam Kapp no ënne schlofen, da fléie se nuets mat den Hänn an orientéiere sech mat den Oueren! Wat fir ee Liewensraum brauche si, fir kënnen op d’Juegd ze goen? Wéi gesäit e Joer am Liewen vun enger Fliedermaus aus?
Cycle 3 + Cycle 4,Secondaire Inférieur
Arboretum Kierchbierg2 Stonnen
Déi beschte Plaz fir eis Beem a Straicher kennenzeléieren!
Koffergrouf Stolzebuerg3 Stonnen / 5 Stonnen
Tariff an Info: www.stolzembourg.luDe geologesche Léierpad zu Stolzebuerg mat Musée, Grouf a spektakulärer Galerie.
Cycle 4, Secondaire 7e
Geologie entdecken! Mam Michel Lucius Préizerdall 6 StonnenVun der geologescher Kaart (am Lucius sengem Gebuertshaus) bis op den Terrain (de Waassertuerm an déi berüchtegt Schankegriecht)!
De Minett: d’Natur mellt sech zréck!Rëmeleng / Péiteng / Diddeleng /Ellergronn3 Stonnen / 6 StonnenFirwat ginn et grad hei, wou fréier riseg Baggeren de roude Buedem opgewullt hunn, esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Dës Visite kann zu Rëmeleng kombinéiert gi mat enger interaktiver Visite vum Musée des mines. www.mnm.lu
Saturn, Astronomieléierpad Schëffleng3 StonnenZu Fouss duerch eise Sonnesystem: D’Sonn, d’Planéiten, de Mound, d’Asteroïden… sinn och um Lalléngerbierg ënnerwee!
Cycle 4, Secondaire Inf.
Vullenzuch Biodiversum Remerschen3 Stonnen Oktober an Abrëll - MeeD’Kanner gesi wéi d’Wëssenschaftler Vulle beréngen a si ginn alles iwwer de Vullenzuch gewuer.
Baggerweieren am Wanter Biodiversum Remerschen3 Stonnen Oktober bis MäerzWéi eng Vullen iwwerwanteren op de Baggerweiere vu Remerschen?Mat der Spektiv beobachte mir déi verschidde Vullen (an och aner Déieren) a probéieren se sou kennenzeléieren.
An engem Naturgebitt:mat Guide
Cycle 3 + Cycle 4
Dem Laf vum Waasser no Rollénger Bach6 StonnenLaanscht d’Baach an duerch d’Baach; wat fir Déieren, Planzen a Steng fanne mir hei a wéi propper ass se eigentlech?
Biodiversitéit, de Schatzvun der Deisermillen6 StonnenOp dësem ofwiesslungsräichen Tour duerch d’Naturschutzgebitt Kelsbach sollen d’Kanner deem skurile Longkaulmännche säi Geheimnis knacken.
Firwat wäit fueren, wann d’Natur dach sou no ass? E Guide vum ‘natur musée‘ kënnt bei Iech a presentéiert dat Bescht, wat d’Natur ronderëm Är Schoul ze bidden huet. Jee no Terrain si verschidden Themeschwéier-punkte méiglech.
Cycle 1 Spillschoul - Cycle 3.1
Himmelsdéierchen & Co3 Stonnen / 6 StonnenMir maachen eis op d’Sich no allerlee Krabbeldéieren an erspillen eis hir Liewensweis.
Cycle 1 Spillschoul - Cycle 4
Bësch erliewen3 Stonnen / 6 StonnenE Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem! (Flott an all Joreszäit)
Konscht am Bësch3 Stonnen / 6 StonnenAll méiglech „Konschtstécker“ hëllefen eis, verschidde Begrëffer a Verhalensweisen eng Kéier anescht auszedrécken.
Natur am Laf vun de Joreszäiten 3 Stonnen / 6 StonnenDuerch flott Sënnesspiller erliewe mer d‘Natur am Hierscht, Wanter, Fréijoer oder Summer ëmmer rëm anescht!
Cycle 3 + Cycle 4
Liewen am Waasser3 StonnenMir ënnersichen e Weier oder eng Baach an ärer Géigend op Liewen.
Praktesch Informatiounen
Tariff:
Aktivitéit vun 2 Stonnen: 60 € / GruppAktivitéit vun 3 Stonnen: 80 € / GruppAktivitéit vun engem ganzen Dag: 120 € / Grupp (+/- 6 Stonnen Animatioun)
maximal 25 Kanner pro Guide! Transport:
Op eiser Internetsäit fannt dir déi noosten Haltestell vu Bus oder Zuch. Sicht Iech är Verbindung op: www.mobiliteit.lu eraus!
Kontakt:Musée national d’histoire naturelleService éducatif25, rue MünsterL-2160 Luxembourg
Tel: 462240 - 312 e-mail: [email protected] www.mnhn.lu
Extra fir Fräizäitgruppenmir komme bei Iech
Zauberbësch 4 - 8 Joer3 Stonnen
Wat hunn d’Bëschbewunner an dëser dramatescher Nuecht erlieft? Mir léieren d’Wichtelen, hire Bësch an hir Kolleege kennen, ouni ze vergiessen vill Spiller am Bësch ze maachen!
Bëschfuerscher 6-11 Joer 3 Stonnen
D’Bëschawunner hunn eis invitéiert! Entdecken, erkennen, lauschteren, sichen, klammen a staunen, - maach däi „Bësch-Fuerscher-Diplom“ wärend engem Mëtteg voller spannender Atelieren. All Grupp, dee matmécht, gëtt an der Virbereedung mat agebonnen.
Mir komme bei Iech:eraus an d’Natur
Abonnéier de Panewippchen, eng faarweg Zeitung fir Kanner op Lëtzebuergesch mat Themen aus Natur an Ëmwelt. Kënnt 4 mol am Joer eraus.
Tel: 46 22 33 – 450 oder 46 22 33 – 400 e-mail: [email protected]
Kuckt opwww.mnhn.lu/agendaHei fannt dir all d’Aktivitéite vum ‘natur musée’!
Save the date: 16.9.2018Fest vum‘natur musée’
Info & Online Umeldung:
www.mnhn.lu/umeldung
www.mnhn.lu/lu/visiten-an-animatiounen
www.mnhn.lu/education
www.mnhn.lu/de/museumspaedagogik