FIR AN D’JUGENDMUSEKEN
SICHE KANNER VU 6 JOER UN
D’Regional Museksschoul vun Diddeleng an hir Partner
d’Fanfare Ste Cécile
vun Hënchereng- Näerzeng-Fenneng
d’Réiserbänner Musek
d’Harmonie Ste Cécile Kayl
d’Harmonie Victoria Téiteng
ZESUMME MUSIZÉIEREN
d’Harmonie Forge du Sud vun Diddeleng
d’Harmonie Municipale vun Diddeleng
d’Harmonie Municipale vu Beetebuerg
KONTAKTFANFARE HUNCHERANGE-NOERTZANGE-FENNANGE Orchestre des jeunes : MiFa-Bléiserwww.fanfare.lu [email protected]
HARMONIE FORGE DU SUD DUDELANGE asbl Orchestre des jeunes : HaFoKidS & Minimusikantenwww.hafosud.de.tl [email protected]
HARMONIE MUNICIPALE BETTEMBOURGwww.hmb.lu [email protected]
HARMONIE MUNCIPALE DE DUDELANGE asbl Orchestre des jeunes : Young Harmonists & Mini Harmonistswww.hmd.lu [email protected]
HARMONIE MUNICIPALE ROESERwww.hmr.lu [email protected]
HARMONIE STE CECILE KAYL Orchestre des jeunes : Schülerband Käler Musekwww.kaelermusek.lu [email protected]
HARMONIE VICTORIA TEITENG Orchestre des jeunes : Jugendmusek Harmonie Victoria Téitengwww.hvt.lu [email protected]
WËLLT DIR EN INSTRUMENT
LÉIEREN ?
BRAUCHT DIR EN INSTRUMENT?
- Kontaktéiert Är Museksgesellschaft
- Informéiert Iech op www.emdudelange.lu
a maacht mat bei der virtueller Journée Portes ouvertes
- Schreift Iech an der Diddelénger Museksschoul an, vun der Journée
« Portes Ouvertes » un.
KLARINETT– gespillt gëtt op engem Mondstéck
wou e Blietchen aus Schilf gespaant ass, an duerch d’Vibratioun vun dësem entsteet den Toun
– et gi verschidde Klarinette fir déi verschidden Tounaarten, an et gouf se schonn am Altertum
– haut gëtt op enger verbesserter Versioun gespillt
– d’Klarinett ass e wichtegt Instrument an all Harmonie
QUERFLÜTT – d’Querflütt war fréier ganz aus Holz
(dohier en Holzblosinstrument)
– sou wéi mer se haut kennen, ass se Mëtt vum 19. Jorhonnert entwéckelt ginn
Bas
s-K
lari
net
t
Pic
colo
Sax
op
ho
ne
Alt
o
Fag
ott
Qu
erfl
ütt
Sax
op
ho
ne
Ten
or
SAXOPHON – gespillt gëtt op engem Mondstéck,
wou e Blietchen aus Schilf gespaant ass, an duerch d’Vibratioun vun dësem entsteet dann den Toun
– et gi verschidde Saxophone fir déi ënnerschiddlech Stëmmlagen: Sopran, Alt, Tenor, Bariton, …
– de Saxophon gouf duerch den Jazz berühmt, feelt awer och a kengem Harmonieorchester
HAUTBOIS, COR ANGLAIS, FAGOTT– den Toun vum Hautbois
ass héich (hautbois)
– e gëtt am Orchester ganz oft fir Solopartien agesat
– et ass en Holzblosinstrument mat engem duebele Blietchen
– méi déif spillt de Cor Anglais
– an d’Fagott (basson) spillt an der Tenor- a Bassstëmmlag
HOLZBLOSINSTRUMENTER
Hau
tbo
is
Kla
rin
ett
TROMPETT– et gouf se schonn an der Antik,
a si war am Mëttelalter e beléift Instrument um Haff
– huet 3 Ventiller mat deenen een all d’Téin spille kann
– huet e feierleche Klang
– gëtt am Jazz an an der Klassik gebraucht
BÜGEL– de Bügel huet méi e ronne
Klang wéi d’Trompett
– e gëtt nieft der Trompett am Harmonieorchester agesat
TROMBONN (POSAUN) – ass e ganz aalt Instrument
– se gëtt am Symphonieorchester, dem Blosorchester an an der Big Band agesat (Zugposaune)
– déi verschidden Téin entstinn duerch Eran- an Erauszéie wouduerch d’Instrument méi laang, respektiv méi kuerz gëtt
COR – de Cor huet säin Ursprong an de
Juegd- a Militärhörner
– de Cor en Fa ass dee geleefegste Cor
– en huet e schéine waarme Klang
– et ass e Soloinstrument a gëtt am Symphonieorchester, am Blosorchester, an an der Kammermusek agesat
EUPHONIUM / BARYTON– en huet en déiwen a mëlle Klang
– et ass e Soloinstrument fir Baryton- Stëmmlag
– gëtt am Orchester an an der Brass Band agesat
– et gëtt och méi kleng Modeller fir Schüler
TUBA– ass dat déifst Blechblosinstrument
– ass wichteg am Symphonie- a Blosorchester
Co
r
Tro
mb
on
n
Eu
ph
on
ium
Tub
a
Tro
mp
ett
Bü
gel
BLECHBLOSINSTRUMENTER