fale programm iechternach14 140613
DESCRIPTION
4motion testTRANSCRIPT
WANTEDAnimateuren vunVakanzaktivitéiten matKanner a Jonken
D'Gemeng Iechternach organiséiert fir den Summer 2014 vum 18 bis den 29ten August Vakanzaktivitéiten
fir Kanner a Jonker. Fir d'Kanner, respektiv déi Jonk, bei dësen Aktivitéiten ze begleeden ginn Animateuren
zwësche 16 an 26 Joer gesicht. D'Animateuren verdingen den Studentenloun. 1
2
D'Formatioun fir d'Animateuren vun den Vakanzaktivitéiten
fir Kanner gëtt gehale vum Formateur Gilles Ramponi,
Sozialaarbechter a Freelance Formateur bei 4motion.
Dofir brauch een den Animateursbrevet A (SNJ oder aner Organismen)
an/oder déi Freelance mat Jonken schaffen fir Skate, kloteren an soss
Outdoor-Aktivitéiten. Dën Brevet A kann een awer och nach am Juni zu
Iechternach am der Jugendherberg maachen op enger Formatioun déi
vun der Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg an 4motion organiséiert
gëtt an wou d'Iechternacher Gemeng d'Käschten fir all Jonken iwwerhëlt
deen am Summer an der Gemeng well als Animateur schaffen.
3
4Dës Formatioun an 2 Weekender preparéiert déi Jonk op hiren Roll als Begleeder
vun de Kanner während den Vakanzaktivitéiten. Nieft der Partizipatioun vun den
Kanner, déi sollen selwer mat entscheeden kënnen wéi eng Aktivitéiten si
maachen, ass och d'Chancëgläichheet groussgeschriwwen.
Ville d’Echternach
Am Aklang mat de Kannerrechter soll all Kand d'Méiglechkeet gebueden ginn sech selwer ze sinn an net
sech mussen an Klischeeën anzefügen oder esouguer diskriminéiert ze ginn, wann een iergendwéi “anescht”
ass. Fir déi wichteg an interessant Aarbecht, déi d'Animateuren an den Vakanzen hei wäerten leeschten, bitt
dës Formatioun eng optimal Virbereedung fir ze léieren wéi ee ganz praktesch e Spillnomëtteg thematesch
plangt an ausféiert, wéi eng Aktivitéiten wéi eng Ziler hunn an wéi een se erreecht, wéi een d'Bedeelegung
vun de Kanner fördert an eng flott Atmosphär hierstellt & Sécherheet an d'Hygiène assuréiert. Spiller,
Gruppendynamik, Ëmgang mat Konflikter an Stereotypen sinn weider Themen déi an deenen 2 Weekender
praktesch abordéiert ginn. No der Formatioun sollen déi zukünfteg Animateur'en schon eng Rei Idee'en hunn
déi se da kennen am Summer während den Aktivitéiten realiséieren. Duerch interaktiv Methoden ass dës
Formatioun alles anescht wéi een Frontalcours an erméiglecht et jidderengem sech aktiv anzebréngen an een
vun deem aneren ze léieren.
5
Programm:Den 21. Juni ab 9 Auer bis den 22. Juni 17 Auer an der Iechternacher
Jugendherberg (mat Iwwernuechtung).
Den 28 an den 29ten Juni vun 9 bis 17h all Dag zu Mäertert-Waasserbëlleg
Umeldung an weider Informatiounen:Bass du interesséiert an hues am Juni an am August Zäit?
Dann mell dech am beschten per e-mail mat dengem
Numm, Gebuertsdatum an Wunnuert:
4motion asbl. c/o Diderich Gary oder Magali De Rocco
Tel: 26 54 05 24
e-mail: [email protected] www.facebook.com/4motion.asbl
Ville d’Echternach