pefferkar europawalen editioun 1

8
manner Europa, méi Lëtzebuerg Wéi soll et mat der Europäescher Unioun weidergoen? Iwwert dës Fro wäert an deenen nächste Méint net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä an alle Memberstaaten diskutéiert ginn. Grad an dësen turbulenten Zäite verdéngen d‘Bierger kloer Äntwerten a realistesch Visiounen. Prinzipiell loossen sech déi ënnerschiddlech Meenungen zur Zukunft vun der EU an dräi Modeller andeelen. D‘Federalisten, déi ëmmer nees gären d‘USA als Beispill ervirhiewen, setzen sech fir d‘Vereenegt Staate vun Europa an. Laangfristeg géifen déi eenzel Länner hir Souveränitéit un en Zentralstaat oftrieden. Dëst géif ënnert anerem eng gemeinsam Verfassung, eng gemeinsam Regierung, ee gemeinsame Steiersystem, eng gemeinsam Arméi an esou weider mat sech bréngen. D‘ADR ass zu Lëtzebuerg déi eenzeg Partei, déi sech vehement géint dee Modell wiert, well déi eenzel Memberstaate forcéiert wieren op hir Fräiheet an Onofhängegkeet ze verzichten. D‘Federaliste schéngen och vergiess ze hunn, datt et - am Géigesaz zu den USA - an der EU eng kulturell an notamment sproochlech Diversitéit gëtt, där mat engem Zentralstaat net géif Rechnung gedroe ginn. Et gëtt nun eemol keen europäescht Vollék, mee vill europäesch Natiounen. Wéi soll e Land kënne seng Identitéit erhalen, wann et op enger Landkaart net méi als Staat, mä nëmmen nach als Provënz opdaucht? Esou wéi et evident ass, datt d‘EU an hirer aktueller Form an déi falsch Richtung geet an datt ëmmer nees Feelentscheedunge getraff goufen, esou besteet zu Lëtzebuerg e Konsens iwwert d‘Noutwennegkeet vun engem friddlechen Europa mat engem grousse Bannemaart. An anere Länner, an notamment bei eisen Noperen, ass dëst net de Fall. Gewësse politesch Kräfte probéieren aus der allgemenger EU-kritescher Stëmmung (déi dacks ganz berechtegt ass) Kapital ze schloen, andeems se carrément eng Implosioun vun der EU eropbeschwieren. Och wann en Austrëtt aus der UE fir vereenzelt Memberstaaten eng méiglech Léisung duerstellt, däerf Lëtzebuerg, als klengt Land, op kee Fall mat op dee Wee goen. D‘Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d‘ADR Member ass, ass dovunner iwwerzeegt, datt et e Mëttelwee gëtt tëscht dem federalen Europa mat engem Zentralstaat an dem Zesummebroch vun der EU, an zwar en Europa vun den Natiounen. De Modell, deen hei proposéiert gëtt, ass dee vu souveräne Memberstaaten, déi zesumme fir méi Fräiheet a méi wirtschaftleche Wuesstem schaffen. Mir brauchen eng EU, an där d’Nationalstaaten nees méi ze soen hunn; eng EU, an där déi national Interessien nees vill méi staark verdeedegt ginn; eng UE, déi nees en oppent Ouer huet fir hir Memberstaaten an hir Bierger huet an net permanent ëmmer méi Muecht fir sech selwer beusprécht! Den héije Präis vun der Euro-Rettung......... 2 D‘ADR an hir europäesch Famill.................. 3 Avec l‘ADR, pour une autre Europe............. 3 Jo zur Solidaritéit, mä mat Verstand!........... 4 D‘EU-Commissioun ass keng Regierung!... 5 ADR stand for a different Europe................. 5 Target2: e Risiko fir Lëtzebuerg?................. 6 Fiskalpakt = Verloscht u Souveränitéit........ 7 Uma Europa diferente com o ADR!.............. 7 Muss d‘EU wierklech bestëmmen, wat op eis Tellere kënnt?................................................ 8 de Pefferkär Mäerz 2014 www.adr.lu Mat der ADR fir en anert Europa! Vous êtes francophone et vous souhaitez en savoir plus sur l‘ADR et sa famille politique, l‘Alliance européenne des Conservateurs et Réformistes (AECR)? La version française de l‘article ci-contre se trouve sur la page 3. L‘ensemble des articles parus dans cette publication sont disponibles en français sur le site internet www.adr.lu You are anglophone and you would like to know more about the Alliance of European Conservatives and Reformists (AECR) and its Luxemburgish member, the ADR? Please find on page 5 the English version of the article below. All the articles in this publication are available in English on the website www.adr.lu Fala português e quer saber mais sobre o ADR e a sua família política, a Aliança Europeia dos Conservadores e Reformistas (AECR)? Leia a versão portuguesa do artigo abaixo na página 7. Todos os artigos desta publicação estão disponíveis em português no site www.adr.lu

Upload: liliana-miranda

Post on 29-Mar-2016

216 views

Category:

Documents


2 download

DESCRIPTION

 

TRANSCRIPT

Page 1: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Wéi soll et mat der Europäescher Unioun weidergoen? Iwwert dës Fro wäert an deenen nächste Méint net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä an alle Memberstaaten diskutéiert ginn. Grad an dësen turbulenten Zäite verdéngen d‘Bierger kloer Äntwerten a realistesch Visiounen.

Prinzipiell loossen sech déi ënnerschiddlech Meenungen zur Zukunft vun der EU an dräi Modeller andeelen.

D‘Federalisten, déi ëmmer nees gären d‘USA als Beispill ervirhiewen, setzen sech fir d‘Vereenegt Staate vun Europa an. Laangfristeg géifen déi eenzel Länner hir Souveränitéit un en Zentralstaat oftrieden. Dëst géif ënnert anerem eng gemeinsam Verfassung, eng gemeinsam Regierung, ee gemeinsame Steiersystem, eng gemeinsam Arméi an esou weider mat sech bréngen. D‘ADR ass zu Lëtzebuerg déi eenzeg Partei, déi sech vehement géint dee Modell wiert, well déi eenzel Memberstaate forcéiert wieren op hir Fräiheet an Onofhängegkeet ze verzichten. D‘Federaliste schéngen och vergiess ze hunn, datt et - am Géigesaz zu den USA - an der EU eng kulturell an notamment sproochlech Diversitéit gëtt, där mat engem Zentralstaat net géif Rechnung gedroe ginn. Et gëtt nun eemol keen europäescht Vollék, mee vill europäesch Natiounen. Wéi soll e Land kënne seng Identitéit erhalen, wann et op enger Landkaart net méi als Staat, mä nëmmen nach als Provënz opdaucht?

Esou wéi et evident ass, datt d‘EU an hirer

aktueller Form an déi falsch Richtung geet an datt ëmmer nees Feelentscheedunge getraff goufen, esou besteet zu Lëtzebuerg e Konsens iwwert d‘Noutwennegkeet vun engem friddlechen Europa mat engem grousse Bannemaart. An anere Länner, an notamment bei eisen Noperen, ass dëst net de Fall. Gewësse politesch Kräfte probéieren aus der allgemenger EU-kritescher Stëmmung (déi dacks ganz berechtegt ass) Kapital ze schloen, andeems se carrément eng Implosioun vun der EU eropbeschwieren. Och wann en Austrëtt aus der UE fir vereenzelt Memberstaaten eng méiglech Léisung duerstellt, däerf Lëtzebuerg, als klengt Land, op kee Fall mat op dee Wee goen.

D‘Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d‘ADR Member ass, ass dovunner iwwerzeegt, datt et e Mëttelwee gëtt tëscht dem federalen Europa mat engem Zentralstaat an dem Zesummebroch vun der EU, an zwar en Europa vun den Natiounen. De Modell, deen hei proposéiert gëtt, ass dee vu souveräne Memberstaaten, déi zesumme fir méi Fräiheet a méi wirtschaftleche Wuesstem schaffen.

Mir brauchen eng EU, an där d’Nationalstaaten nees méi ze soen hunn; eng EU, an där déi national Interessien nees vill méi staark verdeedegt ginn; eng UE, déi nees en oppent Ouer huet fir hir Memberstaaten an hir Bierger huet an net permanent ëmmer méi Muecht fir sech selwer beusprécht!

Den héije Präis vun der Euro-Rettung......... 2

D‘ADR an hir europäesch Famill.................. 3

Avec l‘ADR, pour une autre Europe............. 3

Jo zur Solidaritéit, mä mat Verstand!........... 4

D‘EU-Commissioun ass keng Regierung!... 5

ADR stand for a different Europe................. 5

Target2: e Risiko fir Lëtzebuerg?................. 6

Fiskalpakt = Verloscht u Souveränitéit........ 7

Uma Europa diferente com o ADR!.............. 7

Muss d‘EU wierklech bestëmmen, wat op eis Tellere kënnt?................................................ 8

de Pefferkär Mäerz 2014

www.adr.luMat der ADR fir en anert Europa!

Vous êtes francophone et vous souhaitez en savoir plus sur l‘ADR et sa famille politique, l‘Alliance européenne des Conservateurs et Réformistes (AECR)?

La version française de l‘article ci-contre se trouve sur la page 3.

L‘ensemble des articles parus dans cette publication sont disponibles en français

sur le site internet www.adr.lu

You are anglophone and you would like to know more about the Alliance of European Conservatives and Reformists (AECR) and its Luxemburgish member, the ADR?

Please find on page 5 the English version of the article below.

All the articles in this publication are available in English on the website

www.adr.lu

Fala português e quer saber mais sobre o ADR e a sua família política, a Aliança Europeia dos Conservadores e Reformistas (AECR)?

Leia a versão portuguesa do artigo abaixo na página 7.

Todos os artigos desta publicação estão disponíveis em português no site

www.adr.lu

Page 2: Pefferkar Europawalen Editioun 1

Säit 2

Den héije Präis vun der Euro-Rettung

Och wann sech der vill op d’Schëller klappen, well se den Euro gerett hunn, esou muss een sech dach froen, zu wat fir engem Präis déi Politik bedriwwe gouf. Net nëmmen d’Zuele sinn erschreckend (cf. Text méi ënnen), mä och dat, wat dohannert stécht. Et däerf een nämlech net vergiessen, wéi dës Kris an der Europäescher Unioun vu Spëtzepolitiker geréiert gouf: Dä-itschland diktéiert an all déi aner Member- staaten däerfe ratifizéieren. Demokratie ass eppes aneschtes! De fréiere Lëtzebuerger Staats-minister huet souguer fäerdegbruecht ze behaap-ten, d’EU hätt „Folterwerkzeuge im Keller“, falls d’Griiche sech net géifen un deem halen, wat se imposéiert kréien. Esou vill zur Souveränitéit!

A wat gouf dann a Länner wéi Griicheland, Por-tugal, Spuenien an esou weider vun der EU ver-laangt? Sozialofbau an nach méi Sozialofbau! Vu Beschäftegung a Wuesstem keng Spuer, mä dofir massiv Aarbechtslosegkeet an deement-spriechend och keng Perspektive fir déi Jonk. Dozou kommen nach Loun- a Rentekierzungen, an zwar net bei deenen, déi vill kréien, mä och

a virun allem bei deenen, déi souwisou net vill haten a wahrscheinlech ni wäerten hunn. D’EU ass scho laang net méi sozial, an et wier illusoresch ze gleewen, datt si et an hirer aktueller Form nach kéint ginn.

D’ADR ass prinzipiell der Iwwerzeegung, datt et am Interessi vum Euro a vu Griicheland wier, wa Griicheland géif den Euroraum verloossen. Et soll een och net d’Iddi ausschléisse vun enger Eurozon mat nëmmen deene Länner, déi och ekonomesch amstand wieren, e stabilen Euro ze garantéieren. Déi aner Länner, a virun allem Griicheland, misste finanziell Ënnerstëtzung kréie fir aus der Eurozon auszetrieden.

Et gëtt ëmmer nees behaapt, esou en Austrëtt, deen a priori virun allem fir Griicheland a Fro kënnt, hätt néfaste Konsequenze fir d’Leit, déi an deem Land liewen. D’Wouerecht ass: Well den Euro net kann an deene Länner ofgewäert ginn, ass et zu enger interner Ofwäertung komm, dat heescht d’Léin sinn drastesch reduzéiert ginn. Ob dat fir déi concernéiert Bierger méi positiv ass wéi

d’Konsequenze vun engem Austrëtt aus der Euro-zon, dat sief dohigestallt.

D’Finanz- a Scholdekris gëtt mëssbraucht, fir méi Souveränitéitsrechter un d’EU ofzeginn. D’EU huet schonns genuch Kontrollrechter opgrond vum Traité vu Maastricht gehat, mä d’Dispositiounen, déi do virgesi sinn, gi permanent violéiert. Déi eng Staats- a Regierungscheffen hunn deenen aneren d’Absolutioun ginn, fir sech net un déi Kritären ze halen, déi deemols festgeluecht goufen. D’Stabilitéitsinstrumenter fir esou eng Kris ze verhënnere waren do, mä goufe just net agehalen. An haut verlaangen d’Vertrieder vun engem onsozialen an ondemokrateschen Europa, well si sech ni un d’Reegele gehalen hunn, well si hir Aarbecht net gemaach hunn, nach méi Rechter an nach méi Muecht!

Eng Rei Memberlänner sinn eben net kompe-titiv genuch fir kënnen an enger Währungs-unioun matzemaachen. An eng méi staark EU- Commissioun, respektiv e méi staarkt Europapar-lament géifen näischt un där Situatioun änneren!

Euro-Rettungsschierm: eng Chronologie

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Am Ufank vun der griichescher Staatsscholdekris accordéiert Lëtzebuerg deem Land e bilaterale Prêt an Héicht vun 206 Milliounen Euro.

Am Juli 2010 stëmmt d‘Chamber e Gesetz fir der Regierung ze erméiglechen, dem Fonds européen de stabilité financière (EFSF) eng Staatsgarantie vun 1,15 Milliarden Euro ze accordéieren. Ee Joer méi spéit gëtt dee Montant op 2 Milliarden Euro erhéicht!

Zu de Länner, déi op dee Fong zeréckgegraff hunn, gehéieren

- Griicheland: 144,6 Milliarden Euro accordéiert, vun deenen der schonns 133,6 Milliarden

ausbezuelt goufen

- Irland: 17,7 Milliarden Euro accordéiert an ausbezuelt - Portugal: 26 Milliarden Euro accordéiert, vun deenen der 24,8 Milliarden ausbezuelt goufen

Enn 2010 gëtt zesumme mam Staatsbudget eng Dispositoun gestëmmt, duerch déi de Lëtzebuerger Staat däerf dem Internationale Währungsfong bis zu 1,1 Milliarden Euro léinen.

Am Juni 2012 stëmmt d‘Chamber den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM). D‘Participatioun vu Lëtzebuerg um

Kapital vum ESM beleeft sech op net manner wéi 1,75 Milliarden Euro. Vun där Zomm waren 200 Milliounen direkt ze buezuelen.

Et hu schonns zwee Länner vun deem Instrument profitéiert:

- Spuenien mat 41,4 Milliarden Euro

- Zypern mat 9 Milliarden Euro

Am Februar 2014 huet d‘Chamber der Regierung d‘Méiglechkeet ginn, dem Internationale Währungsfong bis zu 2 Milliarden Euro ze léinen.

Page 3: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Quel avenir pour l‘Union Européenne? Cette ques-tion sera débattue non seulement au Luxembourg, mais aussi dans les autres Etats membres au cours des prochains mois. Et les citoyens méritent plus que jamais, en ces temps turbulents, des réponses claires et des visions réalistes.

D‘une manière générale, les opinions concernant l‘avenir de l‘UE peuvent être partagées en trois modèles.

Les fédéralistes, qui n‘hésitent pas à citer les Etats-Unis d‘Amérique en guise d‘exemple, s‘engagent en faveur des Etats-Unis d‘Europe. À long terme, les pays céderaient leur souveraineté à un Etat central. Ceci impliquerait une Constitution com-mune, un gouvernement commun, un système fiscal commun, une armée commune, etc. Au Luxembourg, l‘ADR est le seul parti à s‘opposer de manière véhémente à ce modèle, car les Etats mem-

bres seraient contraints à renoncer à leur liberté et à leur indépendance. Les fédéralistes semblent avoir oublié que, contrairement aux Etats-Unis d‘Amérique, il y a au sein de l‘UE une diversité culturelle et notamment linguistique, qui ne pourrait être prise en compte dans un Etat central.Il n‘y a pas de peuple européen, mais beaucoup de nations européennes. Comment un pays est-il supposé préserver son identité, s‘il perd son statut d‘Etat pour ne devenir qu‘une simple province?

Tout comme il est évident que l‘UE, dans sa for-me actuelle, avance dans la mauvaise direction, il existe au Luxembourg un consensus quant à la nécessité d‘une Europe pacifique avec un vaste marché intérieur. Dans d‘autres pays, et notam-ment chez nos voisins, ce n‘est pas forcément le cas. Certains partis politiques essaient de tirer pro-fit de l‘ambiance eurocritique (qui est très souvent justifiée) en conjurant une implosion de l‘UE. Bien

qu‘un retrait de l‘UE puisse constituer une solution pour certains Etats membres, le Luxembourg ne peut en aucun cas suivre ce chemin.

D‘Alliance européenne des Conservateurs et Réformistes (AECR), dont l‘ADR est membre, est persuadée qu‘il existe une solution à mi-chemin entre l‘Europe fédérale et un effondrement de l‘UE, à savoir une Europe des Nations. Le modèle qui est ici proposé est celui d‘Etats souverains, qui travaillent ensemble pour plus de liberté et plus de croissance économique.

Nous avons besoin d‘une UE, dans laquelle les pays ont plus de pouvoir de décision; d‘une UE, dans laquelle les intérêts nationaux sont davantage défendus; d‘une UE, qui est de nouveau à l‘écoute de ses Etats membres et de ses citoyens, et non pas d‘une UE de plus en plus avide de pouvoir!

D'ADR an hir europäesch FamillOch wann d’ADR déi eenzeg Partei ass, déi sech zu Lëtzebuerg fir e soziaalt, demokratescht a fräit Europa vun den Natiounen asetzt, steet se innerhalb vun der EU net eleng do mat hire poli-teschen Iwwerzeegungen. Den 8. Juni 2010, also ee Joer no de leschten Europaparlamentswalen, ass se eestëmmeg als Member vun der AECR, der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten, ugeholl ginn. Et handelt sech dobäi ëm eng Associatioun vun nationale Parteien, déi vum Europaparlament als solches unerkannt gëtt.

Fir d’ADR bedeit dës Memberschaft virun allem, datt se um europäesche Plang iwwert eng méi grouss Handlungsfäegkeet verfügt. D’Parteien, déi der AECR ugehéieren, zéien un engem Strang fir hir Visioun vun der EU bei de concernéierte Bierger ze promovéieren. D’ADR schafft ënnert anerem mat dëse politeschen Organisatiounen:

- déi britesch Konservativ Partei vum Premier David Cameron- déi polnesch Partei Recht a Gerechtegkeet vum fréiere Premier Jarosław Kaczyński- déi tschechesch Demokratesch Biergerpartei, déi zënter der Grënnung vum Land net manner wéi dräi Mol de Premier gestallt huet- déi islännesch Onofhängegkeetspartei, déi als eendeiteg stäerkste Partei am Ament un der Re-gierung bedeelegt ass

D’ADR huet och Schwësterparteien an der Belsch, an Dänemark, a Kroatien, an Italien, a Litauen, a Lettland an a Rumänien.

Bei der Grënnung vun der AECR goufen déi Wäerter a Ziler festgehalen, zu deenen sech all d’Memberparteien, an dorënner natierlech d’ADR, bekennen. An der sougenanntener Deklaratioun vu Prag (d’Dokument gouf an der tschechescher Haaptstad ënnerschriwwen) sinn d’Prioritéite vun der AECR fir eng Reform vun der EU an 10

Punkte resuméiert:

- Fräien Entrepreneuriat, fräien a fairen Handel a Wettbewerb, minimal Reguléierung, niddreg Steieren an eng reduzéiert Regierung als Ausléiser fir déi individuell Fräiheet an de perséin-lechen an nationale Wuelstand- D’Fräiheet vum Eenzelnen, méi Eegeverantwor-tung an eng méi grouss Rechenschaftsflicht- Nohalteg, propper Energieversuergung mam Fokus op d’Energiesécherheet- D’Bedeitung vun der Famill als Fëllement vun der Gesellschaft- Déi souverän Integritéit vum Nationalstaat, Oppositioun géint den EU-Federalismus an en erneierte Respekt fir eng reell Subsidiaritéit- De prioritäre Stellewäert vun der transatlantescher Sécherheetsbezéiung an enger revitaliséierter

NATO, an Ënnerstëtzung fir jonk Demokratien a ganz Europa- Eng Immigratioun, déi op eng effizient Manéier kontrolléiert gëtt, a kee Mëssbrauch méi bei den Asylprozeduren- Effizient a modern ëffentlech Déngschtleesch-tungen an eng Sensibilitéit fir d’Bedierfnisser vun de ländlechen a vun den urbane Gemengen- Keng iwwerflësseg an exzessiv Bürokratie a méi Transparenz an Integritéit an den EU- Institutiounen a bei der Verwendung vun EU-Suen- Respekt a Gläichbehandlung fir all d’EU-Mem-berstaaten, ob nei oder al, ob grouss oder kleng

D‘ADR ass och gutt vertrueden an de Gremie vun der AECR. Den Deputéierte Fernand Kartheiser ass Conseilsmember an den Deputéierte Roy Reding ass Tresorier vun där Associatioun.

Avec l‘ADR, pour une autre Europe!

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser mam britesche Premier David Cameron an dem ADR-Nationalpresident Jean Schoos

Säit 3

Page 4: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Enn 2011, wéi et drëms gaangen ass, wéinst der Finanzkris, d‘Mëttele vun der Weltbank eropzesetzen, hat Lëtzebuerg nees emol d‘Nues fir. Lëtzebuerg rett de Globus, an all Lëtzebuerger huet der Weltbank iwwer 4.000 Euro geléint. Déi arem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912 Euro op de Kapp abezuelen, déi aus Däitschland 507 Euro an déi aus Frankräich 482 Euro. Beim Klamme vun de Staatsscholde kënnt et fir Lëtzebuerg jo op 2 Milliarden Euro och net méi un, oder? D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!

Lëtzebuerg ass net nëmme Weltmeeschter, mir sinn esouguer Weltmeeschter „hors catégorie“! En anert Beispill? Am Fall vum Prêt vun 150 Milliarden Euro un den internationale Währungsfonds muss all Lëtzebuerger de stolze Bäitrag vu 4 024,70 Euro op den Dësch leeën, oder méi wéi 16 000 Euro bei enger Famill mat 2 Kanner. No eis kënnt ganz laang keen. Bei den 13 Länner aus der Eurozon, déi beim Prêt matmaachen, läit den Duerchschnëtt pro Kapp bei 493,08 Euro. Lëtzebuerg ass 8 Mol besser: ass dat dann näischt ?

An der Disziplin, dem Steierzueler säi Geld anzesetze fir d‘Finanzkris ze meeschteren, ass Lëtzebuerg och Europameeschter. De Spiegel, Nummer 39 vum 21. September vun dësem Joer, bréngt et op de Punkt: „Demnach zahlte jeder Deutsche im vergangenen Jahr 264,80 Euro an den ESM. Die Luxemburger entrichteten pro Kopf 373 Euro (…).“

De Bäitrag vun engem Lëtzebuerger an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) ass also ronn 40% méi héich wéi dee vun den Däitschen! Lëtzebuerg participéiert Cash mat net manner wéi 200,3 Milliounen Euro am ESM, an ass

am ganzen eng Verflichtung vun 1,75 Milliarden Euro fir eleng dëse Präbbeli agaangen! Géif Lëtzebuerg am selwechte Mooss wéi Däitschland an den ESM abezuelen, wär eisen direkte Bäitrag ronn 143 Milliounen Euro also 57Milliounen Euro manner!). An därselwechter Proportioun wär eisen Undeel um Stammkapital 1,25 Milliarden Euro, eis Verflichtung wär eng hallef Milliard méi kleng!

Lëtzebuerg ass pro Kapp Europa- oder Weltmeeschter a villen Disziplinnen, vun der Hëllef fir d‘Cooperatioun iwwert d’Zuel vun Asylanten, Zaldoten am internationalen Asaz, Kyoto-Bäitrag fir den CO2 erofzesetzen, a villes méi.

D’ADR freet: wie rett Lëtzebuerg? Ouni den Iwwerschoss vun der Pensiounskees kéint Lëtzebuerg risquéieren aus de Maastricht-Kritären erauszefalen. Da géif Bréissel sech an onse Budget an an onst Sozialwiesen amëschen. Wéi esou eng Rettung ausgesäit kann een a Griicheland, Spuenien oder Portugal nofroen.

Och d’ADR steet zur internationaler Solidaritéit, verlaangt awer vun der Regierung, datt dëst mat Verstand muss geschéien. Als Moossstaf fir eis Hëllef a Rettungsschiermer an aner Solidaritéitsmoossname mussen d’Bäiträg vun eisen Nopeschstaaten oder den Duerchschnëtt vun de Länner aus der Eurozon pro Kapp vun der Bevëlkerung gëllen! Och dat wier e wichtege Bäitrag fir d‘Depensë vum Staat erofzesetzen an de Budgetsequiliber ze erreechen, ouni d‘Steieren an d‘Staatsschold an d‘Luucht ze dreiwen.

Et kann och prinzipiell net sinn, datt d‘EU ëmmer méi a Richtung Scholdenunioun geet, wat net nëmmen eng Feelentwécklung ass, mä dobäi och nach géint Verträg verstéisst!

Säit 4

Jo zur Solidaritéit, mä mat Verstand!Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) ass de 26. Juni 2012 an der Chamber gestëmmt ginn. Zil vun deem Instrument ass, déi Länner ze ënnerstëtzen, déi iwwerschëlt sinn a sech an enger finanziell besonnesch kritescher Situatioun befannen. Déi Memberstaate kréien da Kreditter ënner subventionnéierte Conditiounen.

D‘Participatioun vu Lëtzebuerg um Kapital vum ESM beleeft sech op net manner wéi 1,75 Milliarden Euro. Vun där Zomm waren 200 Milliounen direkt ze buezuelen (80 Milliounen am Joer 2012, d‘lescht Joer 80 Milliounen an dëst Joer 40 Milliounen). Dëst sinn déi sougenannten „parts libérées“. Iwwert déi reschtlech Zomm vun 1,5 Milliarden Euro huet weder d‘Chamber nach d‘Regierung en direkten Afloss! Besonnesch alarmant ass och, datt dee Montant nach kann an d‘Luucht goen, ouni datt et dofir muss zu enger Ofstëmmung an der Chamber kommen.

Well et eng Contrepartie gëtt, ginn d‘Suen, déi Lëtzebuerg abezuelt huet, net zur Scholdeberechnung ugerechent; an awer huet den ESM en enormen Impakt op d‘Budgetspolitik. Et handelt sech nämlech ëm Suen, déi Lëtzebuerg huet misse léine goen, an dat stellt eben eng Schold duer, dat heescht eng zousätzlech Belaaschtung fir de Staatsbudget!

Bis elo hunn iwwwregens zwee Länner vum ESM profitéiert: 41,4 Milliarden Euro fir Spuenien an 9 Milliarden Euro fir Zypern!

Wat ass den ESM?

Wann een d‘Partizipatioun vun den eenzelne Länner um Kapital vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) duerch déi jeeweileg Awunnerzuel deelt, dann ergëtt sech dës eendeiteg Graphik. Mat engem Montant vun 373 Euro pro Kapp ass de Lëtzebuerger Steierzueler bei wäitem deen, deen am meeschten huet missen am Kader vun deem Instrument bezuelen! An dëst trotz enger budgetärer Situatioun, déi och zu Lëtzebuerg ze wënschen iwwreg léisst.

116

200

207

241

249

249

262

265

265

273

277

373

Estland

Griicheland

Spuenien

Italien

Belsch

Frankräich

Éisterräich

Finnland

Däitschland

Holland

Irland

Lëtzebuerg

Pro-Kapp-Bedeelegung an den Europäesche

Stabilitéitsmechanismus (Euro)

Page 5: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

D’EU-Commissioun ass keng Regierung!Wie gëtt President vun der EU-Commissioun no den Europaparlamentswalen? Guy Verhofstadt, Martin Schultz a Jean-Claude Juncker gehéieren zu deenen, déi sech Hoffnunge maachen op dee Posten, well se vun hirer jeeweileger politescher Partei op europäeschem Niveau ënnerstëtzt ginn. D’Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d’ADR Member ass, huet hirersäits decidéiert kee Kandidat an d’Course ze schécken . Dëst ass drop zréckzeféieren, datt d’Prozedur, déi vun den anere politesche Famillje suivéiert gëtt,

weder d’Ënnerstëtzung vun den EU-Bierger nach iergendeng gesetzlech Grondlag huet.

D’AECR ass nämlech iwwerzeegt, datt d’Bierger sech net e federaalt Europa wënschen, mä en Europa vun den Natiounen, an deem déi eenzel Memberstaaten nees méi ze soen hunn. D’Bierger hunn zu Recht ëmmer méi d’Gefill, datt d’Länner ze vill Muecht un d’EU ofginn huet, datt Bréissel realitéitsfriem ass an datt d’EU sech an déi falsch Richtung entwéckelt. D’AECR wëll kee Kandidat fir d’Präsidentschaft vun

der EU-Commissioun proposéieren, well se domadder géif d’Konzept selwer vun engem federalen an ondemokrateschen Europa ënnerstëtzen a souguer legitiméieren.

Den Traité vu Lissabon gesäit vir, datt d’Zesummesetzung vum Europaparlement muss a Betruecht gezu gi fir d’Nominéierung vum Präsident vun der EU-Commissioun. Am Kloertext: Géifen zum Beispill déi europäesch Sozialiste stäerkste Fraktioun am Europaparlament ginn, kéint den Däitsche Martin Schultz Nofolger vum Här Barroso ginn. Wat op den éischte Bléck eventuell wéi e Schrëtt a Richtung méi Demokratie kéint ausgesinn, ass u sech genee de Géigendeel. Déi aner europäesch Parteie wëllen nämlech eng ähnlech Prozedur applizéieren ewéi déi, déi a ganz ville Länner fir d’Regierungsbildung gängeg ass: de Spëtzekandidat vun der stäerkster Partei gëtt no de Parlamentswale Premierminister. D’AECR refuséiert awer, datt d’EU-Commissioun mat enger Regierung gläichgestallt gëtt. D’EU ass keen Zentralstaat, a soll et och net ginn!

Dozou kënnt nach, datt d’Kandidaten, déi als solches vun hiren europäesche Parteie nomméiert goufen, allerhéchstens an hirem eegene Land op enger Wallëscht stinn. Si kënnen also souwisou just vun engem Brochdeel vun den EU-Bierger gewielt ginn. Hir Walresultater, souwäit se iwwerhaapt mat an d’Wale ginn, soen also just eppes aus iwwert hir Beléiftheet an hirem Bezierk, net méi an net manner. Déi allermeescht EU-Bierger wäerte mol net wëssen, ëm wien et sech bei de Kandidate fir d’Präsidentschaft vun der EU-Commissioun handelt.

Och wann d’AECR kee Kandidat proposéiert, wëll se sellbstverständlech un den Debatten iwwert d’Zukunft vun der EU deelhuelen. Si verlaangt e faire Walkampf, deen et hir erlaabt hir eege Visioune fir d’EU virzestellen.

In which direction should the UE go? This question will be discussed in the coming months not only in Luxembourg, but also in the other member states. The citizens deserve more than ever, in these tur-bulent times, clear answers and realistic visions.

In general, opinions about the future of the EU can be divided into three models.

Federalists, who do not hesitate to mention the United States of America as an example, are com-mitted to the United States of Europe. Countries would cede their sovereignty to a central govern-ment, which would imply a common Constitution, a common government, a common tax system, a common army and so on. In Luxembourg, the ADR is the only party to vehemently oppose this model,

as member states would be forced to give up their freedom and independence. Federalists seem to have forgotten that, unlike the United States of America, there is within the EU a cultural diversity that could not be taken into account in a central state. There is no European people, but only diffe-rent European nations. How is a country supposed to preserve its identity, if it loses its sovereignty to become simply a province?

It is clear that the EU, in its current form, is moving in the wrong direction, but in Luxembourg there‘s consensus on the need for a peaceful Europe with a large domestic market. For other countries, this is not necessarily the case. Some political parties are trying to profit from the eurocritical atmosphere (which is very often justified) by summoning a col-

lapse of the EU. Although a withdrawal from the EU can be a solution for some member states, Luxem-bourg should not follow that path.

The ADR, as a member of the Alliance of Euro-pean Conservatives and Reformists (AECR), is convinced that there is a solution between federal Europe and a collapse of the EU, namely a Europe of Nations: sovereign states working together for more freedom and more economic growth.

We need a EU, in which countries have more decision-making power; a EU, in which natio-nal interests have a higher value; a EU, which listens again to its member states and its citi-zens - and for sure not a EU constantly longing for more power!

ADR stands for a different Europe

Säit 5

Page 6: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Target2: e Risiko fir Lëtzebuerg?D’ADR huet sech am Laf vun der leschter Legislaturperiod ënnert anerem Suerge gemaach ëm de sougenanntene Target2-System. Nodeems si an der Chamber Explikatioune vum deemolegen Direkter vun der Lëtzebuerger Zentralbank verlaangt an zum Deel och kritt huet, huet d’ADR op en Neits misse feststellen, wéi wéineg d’Chamber zu dëse wichtege Froen ze soen huet.

Obwuel an der Ëffentlechkeet kaum iwwert den Target2 (Trans-European Automated Real-time Gross Settlement Express Transfer System) diskutéiert gëtt, handelt et sech hei ëm e C lea r i ngsys tem, dee sech d’EU viru 7 Joer ginn huet an dee grad wéinst der Finanzkris vill Froen opwërft. D’Funktiounsweis ass déi heiten: iwwerweist eng national Zentralbank enger anerer Suen, entsti géigeniwwer der Europäescher Zentralbank (EZB), déi als Clearingstell agéiert, Verbindlechkeeten a Fuerderungen. Bei där enger nationaler Zentralbank entsteet e negativen Target2-Saldo, bei där anerer e positiven.

Uganks des Joers hat déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) am Kader vun dësem

Bezuelungsverkéierssystem e positive Saldo vun 105,5 Milliarden Euro, wat der ADR aus verschidde Grënn vill Suerge mécht. Fir d’éischt stellt sech d’Fro vun der Wahrscheinlechkeet, datt déi Créancen iwwerhaapt honoréiert ginn, dat heescht,

datt Lëtzebuerg déi Suen zeréckbezuelt kritt, déi et zegutt huet. Et muss nämlech ervirgehuewe ginn, datt déi Länner, déi momentan ganz déif an der Eurokris stinn (Spuenien, Griicheland, Italien, Irland a Portugal), och déi gréisste Schëldner sinn. Wat geschitt also, wann den Eurogrupp géing zesummebriechen a wéi eng konkret Garantien huet Lëtzebuerg, déi den Target2-Saldo decken?

D’ADR muss och feststellen, datt d’Héicht vun

deem positive Saldo aacht Mol dem Joresbudget vum Lëtzebuerger Staat entsprécht. De globale Montant ass am Laf vun der Zäit ferm an d’Luucht gaangen: vu 67,9 Milliarden Euro am Joer 2010 op, wéi schonn erwähnt, 105,5 Milliarden Euro

(aktuellste Stand). Et kënnt nach dobäi, datt Lëtzebuerg am Hibléck op seng Awunnerzuel en iwwerproportional groussen Deel vum Target-System dréit. Deelt een de positive Saldo vun der BCL duerch eng hallef Millioun Residenten, dann ergëtt sech dorausser e Montant vun 210 000 Euro op de Kapp! Zum Verglach: obwuel Däitschland bei wäitem déi héchst Créancen huet (eng Rekordzomm vu 500,3 Milliarden Euro), beleeft sech d’Zomm pro Awunner

op nëmme 6 250 Euro.

D’ADR trëtt fir d’Onofhängegkeet vun der Zentralbank an, mä bedauert, datt d’Chamber net besser informéiert gëtt, wann esou potentiell Risike fir eist Land geholl ginn. Déi national Parlamenter hunn ënnert anerem duerch d’Euro-Rettungsmesuren ze vill Autoritéit verluer hunn. Méi Transparenz a méi demokratesch Kontroll wäre jiddefalls erwënscht!

Säit 6

Déi Länner, déi momentan ganz déif an der Eurokris stinn (Spuenien, Griicheland, Italien, Irland Portugal) sinn am Kader vum Target2-System och déi gréisste Schëldner. Fir Lëtzebuerg entsprécht d’Héicht vum positive Saldo aacht Mol dem Joresbudget vum Lëtzebuerger Staat! D‘Fro ass: Wat geschitt, wann den Eurogrupp géing zesummebriechen, a wéi eng konkret Garantien huet Lëtzebuerg, déi den Target2-Saldo decken?

-230000

-130000

-30000

70000

170000

270000

370000

470000

Däitschland

Lëtzebuerg

Holland

Finnland

Slow

enien

Zypern

Belsch

Éisterräich

Frankräich

Griicheland

Irland

Portugal

Italien

Spuenien

Positiven a negativen Target2-Saldo vun den

Zentralbanken, déi Member am System

vun der Europäescher Zentralbank sinn(Milliounen Euro,

Stand: Januar 2014)

Page 7: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Que futuro para a União Europeia ? Esta questão será discutida não só no Luxemburgo, mas também nos outros Estados-Membros nos próximos meses. E os cidadãos merecem mais do que nunca, nestes tempos turbulentos, respostas claras e visões realistas.

De forma geral, as opiniões sobre o futuro da UE podem ser divididas em três modelos.

Os federalistas, que não hesitam em mencionar os Estados Unidos da América como exemplo, estão empenhados na promoção dos Estados Unidos da Europa. A longo prazo, os países cederiam a sua soberania a um governo central. Isto implicaria uma Constituição comum, um governo comum, um regime fiscal comum, um exército comum, etc. No Luxemburgo, o ADR é o único partido a opor-se veementemente a este modelo, já que os Estados-Membros seriam obrigados a renunciar a sua liberdade

e independência. Os federalistas parecem ter esquecido que, ao contrário dos Estados Unidos da América, há dentro da UE uma diversidade cultural, e nomeadamente linguística, que nunca seria tida en conta num estado central. Não há povos europeus, mas sim muitos países europeus. Como é que um país é suposto preservar a sua identidade, se ele perder a sua soberania para se tornar simplesmente uma província?

É evidente que a UE, na sua forma actual, está constantemente a dar passos na direcção errada. Mas também há no Luxemburgo consenso sobre a necessidade de uma Europa pacífica com um grande mercado interno. Em outros países isso não é necessariamente o caso. Alguns partidos políticos estão a tentar aproveitar as críticas (muitas vezes justificadas) à União Europeia para contribuir ao seu colapso. Embora a saída da UE possa ser uma solução

para alguns Estados-Membros, o Luxemburgo não pode de maneira alguma seguir esse caminho .

A Aliança Europeia dos Conservadores e Reformistas ( AECR), da qual o ADR é membro, está convencido de que há uma solução a meio caminho entre a Europa federal e um colapso da União Europeia: a Europa das Nações. O modelo que se propõe aqui é o de Estados soberanos que trabalham em conjunto em prol de mais liberdade e mais crescimento económico.

Precisamos de uma União Europeia em que os países têm mais poder de decisão; uma UE em que os interesses nacionais são realmente defendidos; uma UE que está à escuta dos Estados-Membros e os seus cidadãos - e não uma União Europeia cada vez mais sedenta de poder!

Fiskalpakt = Verloscht u Souveränitéit Wann et eng Moossnam gëtt, déi bei engem méi breede Publikum onbemierkt bliwwen ass, obwuel se eng reell Gefor fir Lëtzebuerg duerstellt, dann ass et d’Akraafttriede vum Traité iwwert Stabilitéit, Koordinéierung a Steierung an der Wirtschafts- a Währungsunioun, och nach Europäesche Fiskalpakt genannt.

Ëm wat geet et ?

Virun 2 Joer hunn d’Memberstaaten – mat Ausnam vun England a vun der Tschechescher Republik – zu Bréissel en Traité ënnerschriwwe mam Zil „d’Budgetsdisziplin ze promovéieren“. D’Länner hunn sech also engagéiert national Budgete virzeleeën, déi am Equiliber sinn. Nieft dem Staatsdefizit, deen net däerf méi héich si wéi 3% vum PIB (e Kritär, dee schonns am Traité vu Maastricht festgeluecht gouf), gouf d’Limite vum strukturellen Defizit, dat heescht vum Defizit ouni konjunkturell Fakteuren ze betruechten, vun 1% op 0,5% erofgesat. D’Memberstaate mussen also hir Depensë reduzéieren, respektiv d’Steieren erhéijen.

D’ADR war schonn ëmmer fir eng sougenannte Scholdebrems. Et ass immens wichteg, datt d’Lëtzebuerger Regierung et endlech fäerdegbréngt de Budgetsdefizit ze reduzéieren, net zulescht well et absolut méiglech ass dat Zil ze erreechen ouni onzoumuttbar Mesuren ze huelen, déi de wirtschaftleche Wuesstem oder déi sozial Kohäsioun géifen a Fro stellen.

Et ass trotzdem inakzeptabel, datt d’Scholdebrems vun der EU imposéiert, an net vun der Lëtzebuerger Regierung agefouert gouf. D’Konsequenze kéinten desastréis si fir d’Bierger! Wann d’Dispositiounen, déi am Traité virgesi

sinn, net respektéiert ginn, dat heescht am Fall vun engem ze héijen Defizit par rapport zum PIB, gëtt automatesch e „Korrekturmechanismus“ ausgeléist. E komplizéierten Ausdrock fir en einfachen, mä dofir inakzeptable Prinzip: et ass net méi un der Chamber, mä un der EU-Commissioun fir iwwert d’Recetten an Depensen ze decidéieren!

Et kënnt nach dobäi, datt den Europäesche Geriichtshaff, dee sech selbstverständlech aus net-gewieltene Riichter zesummesetzt, däerf finanziell Sanktiounen operleeën (bis zu 0,1%

vum PIB).

Wéi soll een sech net géint dësen neie Verloscht u Souveränitéit revoltéieren? Wéi kann een acceptéieren, datt Decisiounen zum Staatsbudget net vu Volleksvertrieder, déi demokratesch gewielt goufen, geholl ginn, mä vun Institutiounen, mat deenen sech d’Bierger absolut net identifizéieren? Souwuel d’ADR ewéi och déi aner Membere vun der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) setzen sech fir eng méi demokratesch EU an, déi de Prinzip selwer vun der Souveränitéit respektéiert.

Uma Europa diferente com o ADR

Säit 7

Page 8: Pefferkar Europawalen Editioun 1

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Gitt Member an der ADR, a frot och Är Familljememberen a Frënn, fir Member ze ginn.

De Joresbäitrag ass fir eng Persoun 14.-€, fir e Stot 20.-€, a fir Schüler a Studente 5.-€

Numm & Virnumm ........................................................................

Adress ......................................................................... ......................................................................... Telefon .........................................................................

Email .........................................................................

--------- ausschneiden an un d‘ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken ---------

Den Tëppelchen op den i

Oplag: 223 000 Stéck

Verantwortlech fir dëse Pefferkär ass:

Alternativ Demokratesch Reformpartei

20, rue de l‘Eau

L-1449 Lëtzebuerg

de Pefferkär

Muss d'EU wierklech bestëmmen, wat op eis Tellere kënnt?

Wat de Bauer net kennt, dat ësst en net, huet et fréier geheescht. Haut muss de Konsument villes iessen, wat en net kennt. Wuel huet e groussen Deel Onéierlechkeet matgespillt, mä et sinn och déi Europäesch Circuiten, déi dozou gefouert hunn, datt Päerdsfleesch an der Lasagne verschafft konnt ginn. Ganz legal, den europäesche Bestëmmungen no, kënnen hollännesch Schwäin zu Schwarzwälder Schinken verschafft ginn. Awer beim Thüringer hält bekanntlech de Spaass op.

Et kéint een iwwert den europäeschen Dschungel vu Gesetzer iwwert eis Liewensmëttele

schmunzelen, wann net drastesch Geforen dohannert géife laueren. Dës kommen och zum Deel dohir, well grouss Lobbyen zu Bréissel nach ëmmer méi Afloss hunn ewéi d‘Bauereverbänn an Konsumentenorganisatiounen. Dat bescht negatiivt Beispill dozou ass ganz rezent!

Mëtt Februar huet Europa d‘Uplanze vum genmanipuléierte Mais TC 1507 erlaabt, dëst obschonns net manner wéi 19 Staaten dergéint waren. Droleg Majoritéite sinn awer zustane komm, esou datt 9 Länner deenen anere Memberstaate kënnen diktéieren, wat op hirem Buedem däerf

wuessen.

Och wann eis Lëtzebuerger Baueren sech fräiwëlleg verflichten, keng genmanipuléierte Planzen am Grand-Duché ze zillen, esou notzt dat wéineg, wa Mais, Soja, Raps an aner OGMen op där anerer Säit vun der Grenz wuessen. D‘Beien, de Wand an de Pollen loossen sech kaum duerch d‘Musel, d‘Sauer, d‘Gander an d‘Äisch ophalen. D‘europäesch Institutiounen hunn och verhënnert, datt mat de Faarwen, wéi vun de roude Luuchten, ganz einfach op de Liewensmëttelverpackungen ze erkennen ass wéi gutt respektiv wéi schlecht den Inhalt fir d‘Gesondheet ass. Dofir däerf een awer mat der Lupp a vill Recherchen um Internet nosichen, wat sech hannert de verschiddenen E-Zeeche verstoppt.

Och an engem Europa ouni Grenze muss kloer sinn, datt Iesswuere keng Wueren ewéi all aner sinn. Esouwuel déi gemeinsam Agrarpolitik, eng vun den éischten Errungenschafte vun Europa (déi haut nach 35% vum Europabudget ausmécht) wéi Gesetzer fir de Konsumenteschutz mussen der Qualitéit vun de Liewensmëttelen alleréischt Prioritéit ginn, an däerfen net vu grousse Multie matbestëmmt ginn.

D‘gemeinsam Agrarpolitik muss esou opgestallt ginn, datt z.B. och de Lëtzebuerger Mëllechbauer dovunner ka liewen, wann en de Konsumenten aus onser Géigend gutt Mëllechprodukter zu faire Präisser ubitt. Lëtzebuerg, wéi och déi aner Memberstaaten, mussen sech och kënnen eenzel dogéint kënne wieren, wa Produkter op de Maart sollte kommen, déi der Gesondheet schuede kéinten oder wou net dat dran ass, wat op der Verpackung versprach gëtt.

Dëst ouni Awand vu Bréissel!

Säit 8

The AECR is recognised and partially funded by the European Parliament. Sole liability rests with the author and the European Parliament is not responsible for any use that may be made of the information contained therein.