read & talk about nr20 2012
DESCRIPTION
Read & talk about nr20 2012 _ Magazin vum Létzebuerger JugendroutkräizTRANSCRIPT
croix-rougeluxembourgeoise
Jeunesse
1.5 Joer huet elo gedauert datt mer eng nei Ausgab vun onsem Read & Talk About erausbruecht hunn. Eng ganz laang Zäit wou villes geschitt ass, vill nei Leit bei kommen sinn, an mir als Redaktiounsequipe fonnt hunn et wier elo nees heig Zäit en neien RATA eraus zebrengen fir iech dobaussen iwwert all News kennen ze informéieren. Leider ass onsen RATA net grouss genuch fir all Neiegkeeten ze presentéieren, dowéinst hunn mer ons op enggeenegt, di mer an dëser Nummer 20 wëllen presentéieren.
2011 ass onsen Comité vum Jugend Rout Kräiz nei reforméiert ginn, an mir presentéieren iech op den Säiten 2 + 3 80% vun den Läit, di elo fir di nächst 3 Joeren ons Jugend beim Roude Kräiz representéieren (die aner 20% an der nächster Ausgab :). Wie sinn ons Statuten, wie funktionéiert den Comité, och dëst fannt dir op dësen Säiten, méi ausféierlech fannt der et an onser Breifkëscht um Facebook.
Vill Spaass beim liesen, schéin Feierdeeg an en gudden rutsch an dat neit Joer!RP
EDITO
SOMMAIRE
MAgAZiN VuM LëTZEBuERgER JugENdRouTKRäiZ
DE
Z 2
01220
FAMIlIES FIRSTHei zu Lëtzebuerg ginn et immens vill Famillen déi vun baussen Helef brauchen, well se net méi wëssen wei se sollen aus enger Kris erauskommen. Säit 1999 gëtt et dofir eng Léisung vun der Säit vum Rouden Kräiz. 1999 ass den Service Families First gegrënnt ginn. den Families First gëtt vun Professionellen aus dem Secteur social geruff wann eng Famill an enger Kris stécht. dat sinn ëmmer ganz verschidden Krisen déi een all kéiers muss anescht ugoen.
5 Sozialpädagogen, 4 Fraen an 1 Mann, sinn dofir zoustänneg. Eng Famill an enger Kris gëtt 6 bis 8 Wochen laang vun engem FFL-Mataarbechter betreit. dësen geet op d’mannst 3 mol d’Woch fir e puer Stonnen bei d’Famill an probéiert mat der Famill zesummen an d’Zukunft ze kucken, fir ze klären wéi et soll weidergoen. All Familljemember muss averstanen sinn, fir dass dess interventioun kann stattfannen, soss kann keng Zesummenaarbecht entstoen. Vun deenen 6 bis 8 Wochen
InTERvIEw MAM SylvIA PETERS, EDucATRIcE gRADuéE An RESPOnSAbEl vuM FAMIlIES FIRST:
sinn déi eicht 10 deesch d’”Kenneléierphase”. An der Mëtt vum Suivi gëtt dann gekuckt wou een steet. do kennt dann och net nëmmen den FFL-Betreier mat, mä och d’Responsabel vum Service, d’Sylvia Peters, an d’Famill. An der “Aktiver Phase” gëtt dann ënner anerem och probéiert rëm schéin Momenter an den Famillen opliewen ze loossen.
All Famill kann hieren FFL-Betreier 24 Stonnen op 24 ereeschen, fir den Fall wou dringend Hëllef gebraucht gëtt. Awer och d’FFL-Betreier kennen sech bei der Responsabel mellen, fir hiert Leed lass ze ginn.
Ziel vun der ganzer Saach ass, sou mann wie méiglech Famillen auserneen ze rappen wie dat fréier war, mä ze probéieren den Problem an der Famill ze léisen. di 5 Mataarbechter hunn en grousst Luef verdéngt, fir déi flott, interessant, awer och ustrengend Aarbecht déi si maachen. Respekt!CW & LZ
Team Families First
Sylvia, wei ass d’Iddee vum Families First entstanen?d‘idee ass Mëtt vun 90er Joeren am Kannerheem Colnet d’Huart entstanen, wéi mir an der Équipe gemierkt hunn, dat een deel vun de Placementer duerch eng ambulant intensiv Betreiung vun der Famill hätt kënne verhënnert gi. de Projet gouf ausgeschafft an op de Ministère geschéckt, wou mir no laangem Waarden 1999 Erlaabnis kruten fir eisen ambulante Kriseninterventiounsdingscht opzebauen.
Sylvia, waat ass deng Motivatioun bei denger Aarbecht?Et lount sech, ambulant ze schaffen, ze gesinn wei d’Famillen erëm zesummewuessen, an et ass schéin, zesummen drun ze gleewen an hinnen d’Hoffnung zréck ze ginn.
Edito 1
Families First 1
interview Sylvia Peters 1
Tock, tock, talk 2
Comité Croix-Rouge de la jeunesse 2
den Comité vum Jugend Rout Kraiz
stellt sech fir! 2-3
Ech sinn och dobäi... 3
Agenda 3
Pinnwand 4
Fotostory mol anescht... 4
Sproch vum Mount 4
Zuel vum Mount 4
impressum 4
Saït 002
cOMITé cROIx-ROugE DE lA JEunESSE
Mir wëllen iech mat der Ausgab vum Read & Talk About onsen Comité vum Jugend Rout-Kräiz virstellen, deen genau virum 1 Joer nei gewielt gouf an och nei Statuten krut. Wat sinn dem Comité seng Aufgaben an wien sinn déi Läit di an onsem Comité schaffen?
waat sinn dem comité Jeunesse seng Aufgaben?
- den Comité soll en organe consultatif sinn fir den Service Vacances, an Themenberaicher waat Formatioun an Kolonien unbelaangt. - den Comité soll en organe de décision sinn wat den Bénévolat vun Jugendlechen betrefft fir Service Vacances. - den Comité soll am Beraich „oppen Jugendaarbecht“ inhalter vermettelen
Aus weivill Memberen besteet den comité? 15
weini ass den leschten comité gewielt ginn? november 2011
wei setzt sech den comité zesummen?
Am neien Comité sinn folgend Memberen vertrueden: - 3 Représentants «Moniteurs/trices»: Mia, ghislaine an Philipp - 2 Représentants «Responsables colonies de vacances»: Cathia an Carine - 2 Représentants «Formateurs animateurs»: Tania an Myri - 6 frai Posten: Liz, Sandra, Laura, Pascal, Claude an den Nuno - 2 «postes de fonctions»: Jerry an Romain
wei lang dauert en Mandat?6 Joër (opgedeetl op 2 x 3 Joër)
wei ass den Fonctionnement vum comité?
den neien Comité funktionéiert mat 4 groupes de travails: Formation / Kolonie / Bénévolat / Communication externe, an mat punktuellen dossieren. dossieren sinn an desem Fall Aktiounen dei sech kengem vun den 4 groupes de travails zouuerdnen loossen.
wei oft gesait sech den comité? All 6 wochen
wiem ass den comité ennerstallt? Dem comité exécutif vun der croix-Rouge.
„DEn cOMITé vuM JugEnD ROuT
Ech SInn Och DObäI…
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Pascal Schiltz
Alter : 24 Joer
gebuertsdag : 4.8.1988Ech hun 1 (ge)schwester wunnen zu : Fingig
Meng Schoul/Aarbecht : Schoul Student (demnächst Schoulmeeschter)
Meng hobbien : Spadséiren, wanderen goen, Velo fueren, Musek maachen an lauschteren, ennerwee sinn, gesellschaftsspiller spillen,...beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2005Meng eischten Kolonie: de Panne 4Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: gëtt et fier mech net, all Erliewnis ass op seng Art an Weis schéin an doraus ass et onméiglech dat schéinsten rauszepicken.
Pascal Schiltz
Ech SInn Och DObäI…
Philipp Müller
als ... Member vum
Comité Jugendrout
Kraiz
numm : Philipp Müller
Alter : 19 Joer
gebuertsdag : 26.7.1993
Ech hun keng geschwester
wunnen zu : Bartreng
Meng Schoul/Aarbecht :
Ech studeieren Sozialpäda-
gogik op der uni Letzebuerg
Meng hobbien : Laafen goen, mat Kollegen eppes
ënnerhuelen, Musek lauschtern
beim Roude Kräiz derbäi zënter : November 2008
Meng eischten Kolonie: Meng éischt Kolonie war
mam Liz zu Bierg am Summer 2009. Mir haten déi
ganz kleng (4-7 Joer) an et war eng super schéin
Kolonie mat guddem Wierder
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: Am
flottsten ass et fannen ech wann een aus der Kolonie
zereck kennt an Kanner zielen hieren Eltren schon bei
der Arrivee wei schein d’Kolonie war, dann wees een
als Moniteur daat sech al ustrengungen gelount hun ;)
Ech SInn Och DObäI…
Mia Weydert
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Mia Weydert
Alter : 20 Joer
gebuertsdag : 5.4.1992Ech hun 1 brudder
wunnen zu : diddeleng
Meng Schoul : LTPES zu Miersch
Meng hobbien : eppes mat Kollegen ënnerhuelen, Musik lauschteren, Babysitten, mat menger Mamm shoppen goen… an natierlech Croix-Rouge ;)
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2009Meng eischten Kolonie: Fiesch ouschteren mam Tania Müller
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: Meng éischt Kolonie wou behënnert Kanner matgaangen sinn. Einfach wie se duerch hiert Laachen gewisen hunn datt et hinnen gudd gefall huet!
Ech SInn Och DObäI…
Sandra Kies
als ... Member vum
Comité Jugendrout
Kraiz
numm : Sandra Kies
Alter : 32 Joer
gebuertsdag : 6.3.1980
Ech hun geschwester:
jo,eng Schwester an e
bruder
wunnen zu : Bierchem
Meng Schoul/Aarbecht :
Ech schaffen. Bei der Croix-
Rouge als Educatrice graduée am grupp Zoé, engem
Foyer fir mannerjähreg Mammen
Meng hobbien : Fitness, Liesen, Skifueren, Zäit mat
Frenn geneissen
beim Roude Kräiz derbäi zënter : oh je dat ass
schon lang hier, grob geschätzt 1996
Meng eischten Kolonie: 1996 oder 1997, ass schon
eng Zäitchen
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: Hm
der ginn et der vill. Ech mengen dass an all Kolonie
eppes Spezielles wor, mee wann en heemfiirt an gesäit,
dass et den Kanner gudd gefall huet, dat ass dat
allerscheinst an genau an dem Moment wees en wiesou
en emmer rem matfiirt, egal wei ustrengend et mol wor,
mee dei schein Momenter iwerweihen einfach !!!!
Ech SInn Och DObäI…
als ... Member vum
Comité Jugendrout
Kraiz
numm : Cathia
Alter : 26 Joer
gebuertsdag : 16.4.1986
Ech hun 1 brudder
wunnen zu : Éiter
Meng Schoul/Aarbecht :
Maison Relais Lëntgen als
éduc. graduée
Meng hobbien : Basket,
liesen, mat Frënn eppes ennerhuelen
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2002
Meng eischten Kolonie: Bierg 2003
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: allge-
meng d’Erfahrung mat behënnerte Kanner gemaach ze
hun an doweinst immens vill geleiert ze hun.
Cathia Loor
Ech SInn Och DObäI…
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Liz Theis
Alter : 26 Joer
gebuertsdag : 20.3.1986
Ech hun 3 geschwester
wunnen zu : Bouneweg
Meng Schoul/Aarbecht :
Ergothérapeutin bei Autisme Luxembourg an bei der Apemh
Meng hobbien : Ech spillen Bugel zu Bouneweg an der Musek
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2002 (mengen ech :)
Meng eischten Kolonie: war zu Bierg mat Kanner am Alter vun 4 bis 7 Joer mam Jana gorge
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: ohje :) ... dat ass awer elo schwéier zesoen, well do gëtt et der esou vill schéiner datt et schwéier ass fir eent erauszesichen. Et as no all Kolonie erem schéin zegesinn wann d’Kanner, behennert oder net, zefridden, laachend an glécklech Heem ginn, mam Wonsch di nächsten Kéier nees derbei zesinn, well si eng schéin Vakanz haaten mat vill Spass an onvergiesslechen Momenter.
Liz Theis
TOcK, TOcK, TAlKvicky Frisch an den Philipp zu hierer Particpatioun un der Formation „Eng bréck teschend Jonk an Aal“den 5.dezember war et endlech esou wäit. Am Rahmen vum Projet „Eng Bréck tëschent Jonk an Aal“ vum letzeboier Jugendroutkraiz hunn mir zesummen mat den Awunner aus dem CiPA Jonglënster eng Sortie gemat. dofir waren mir e Concert zu Nidderanven lauschteren. Während dem Concert hunn mir alleguerten zesummen lëtzebuergesch Lidder gesong an eppes klenges giess an gedronk. An fir all déi Läit déi dëst Joer brav waren, ass dann och nach den Kleeschen komm an huet jidderengem e klenge Cadeau bruecht. Zesummegefaasst kann en soen, dat mir alleguerten zesummen e schéinen Nomëtten verbruecht hunn. VF & PM
V.l.n.r. Philipp, Rachel, Béa, Vicky, Noémie, Sven, Ghislaine, Mara, Mia, Mme Thill an Stefan
Saït 003
AgEnDA DEZEMbER-JAnuAR
26.12.2012 3.01.2013 wanterkolonie zu Fiesch
och des Kreschtvakanz fueren nees e puer sportlech Letzebuerger an den Wantersport op Fiesch an den Rosentirli. Mir wënschen dem Tim an senger Equipe vill Spaass, Schnéi an en flotten Sylvester op den Schwaizer Bierger. An passt ons gudd op den Romain op!
27.12.2012 3.01.2013 „vakanz an der Sandkaul“
den 36 Kanner, dem Liz an senger Equipe wënschen mer eng schein Vakanz zu La Panne op der belger Plage. datt d’Wieder sech hällt an Schlittschongpiste „open Air“ sech och dest Joer vun iech bezwengen leisst! Mat e bessen Chance gett et jo Schnéi, dann wellen mer Fotoen vum Schnéimännchen beim Leopoldgesinn!!!
01.01.2013 néijoërsdag!
13-01 14.01.2013 „Musek an méi…“
Elo geet et schon an die 4t Saison datt mer desen Stage ubidden. AllJoers nees kann den Brave mat sengem Talent ons Stagiairen faszineieren an och aus dem ontalentéiersten eng grimmel Musek erauskiddelen. du gleews dest net? Mell dech un an iwerzeeg dech selwer!
KRAIZ STEllT SEch FIR!“Ech SInn Och DObäI…
als ... Member vum
Comité Jugendrout
Kraiz
numm : Carine grosch
Alter : 27 Joer
gebuertsdag : 16.10.1985
Ech hun 1 Schwëster (23)
an 1 brudder (26)
wunnen zu : Christnach
Meng Schoul/Aarbecht :
sinn Responsable vun
engem atelier protégé vum
Tricentenaire
Meng hobbien : Mountainbike, liesen, Snowboard,
Leit alueden an ageluede ginn :)
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2006
Meng eischten Kolonie: La Panne 1
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: een
schéinst erauszesichen ass schwéier, ech genéissen
déi Kolonie wou Kanner mat Behënnerung mat ginn
ëmmer besonnesch vill.
En schéint Erliefnis ass och all Kéiers, wann een um
Laachen vun den Kanner an un hirem Verhalen gesäit,
wéi gutt et hinnen an der Kolonie gefält. All Kéiers
rëm ass et schéin, den Kanner eng flott Vakanz ze
erméiglechen.
oder wéi dat lescht Joer, wann een gewisen kritt, wéi
positiv dat och fir d’ Elteren ka sinn, an wéi vill et hinnen
bedeit, wann si hiert d’ Kand an eng Kolonie matsché-
cken, an d’ Kand ass frou an zefridden an der Kolonie.
Carine Grosch
Ech SInn Och DObäI…
Nuno Dos Santos
als ... Member vum
Comité Jugendrout
Kraiz
numm : Nuno dos Santos
Alter : 29 Joer
gebuertsdag : 9.4.1983
Ech hun geschwester
1 bruder (34 Joer,
bestued, 1 Kand)
wunnen zu : diddleng
Meng Schoul/Aarbecht :
Schoul (LTML, uNi.lu als édu-
cateur gradué, schaffen am service édcuatif am LTML)
Meng hobbien : Futtball, liesen, mat den Kollegen
„hänken“, Kino, Sport
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2004
Meng eischten Kolonie: Schottland
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie:
schwéier ze soen. déi gudd Stemmung an der Equipe,
wor emmer flott :P
Wann d‘ Kanner bei mech komm sin an mir eppes
iwwert sech gezielt hun. daat wor emmer en Zeechen
dat et den Kanner gudd gaang ass an dat si vertrauen
an mech haaten.
All Kolonie wou ech net hun missten kachen :)
Ech SInn Och DObäI…
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Tania Muller
Alter : 34 Joer
gebuertsdag : 28.8.1978
Ech hun 1 brudder geschwester
wunnen zu : Kléngbetten
Meng Schoul/Aarbecht : Léierin
Meng hobbien : Sport a liesen
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 1995
Meng eischten Kolonie: La Panne mam guy Aeckerlé
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: ze gesinn datt d’Kanner eng schéi Vakanz hunn an deen eischte Kontakt mat behennerte Kanner.
Tania Muller
Ech SInn Och DObäI…
Laura Zieser
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Laura Zieser
Alter : 22 Joer
gebuertsdag : 20.9.1990Ech hun 3 geschwesterwunnen zu : Schuller
Meng Schoul/Aarbecht : Ech sinn Erzeier, an studei- ren elo Heilpädagogik op der uni zu Bochum
Meng hobbien : liesen, sangen an ganzzz fill laachenbeim Roude Kräiz derbäi zënter : 2004Meng eischten Kolonie: War zu Bierg,d‘ Krëschtvakanz ;)
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: Silvester mat Kanner feiren an d‘zesummenlierwen vun Kanner mat Behennerung an ouni.
Ech SInn Och DObäI…
Myri Kies
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : Myri Kies
Alter : 36 Joer
gebuertsdag : 3.8.1976Ech hun 2 geschwester wunnen zu : Hesper
Meng Schoul/Aarbecht : Educatrice graduée an der EMP (assistance en classe bei behennerten Kanner)
Meng hobbien : Reesen, Sportbeim Roude Kräiz derbäi zënter : 19 JoerMeng eischten Kolonie: 1993 zu Bierg mat Kanner vun 4 bis 7 Joer
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: ganz vill... virun allem daat flott Zesummenliewen vun behennerten an net behennerten Kanner, waat d’Zesummenliewen mat behennerten Kanner deenen aneren Kanner an den Moniteuren kann brengen.
Ech SInn Och DObäI…
Ghislaine Hoerold
als ... Member vum Comité Jugendrout Kraiz
numm : ghislaine Hoerold
Alter : 18 Joer
gebuertsdag : 20.9.1993
Ech hun 1 Schwester
wunnen zu : Einen
Meng Schoul : LTPES zu Miersch
Meng hobbien : eppes mat Kollegen ennerhuelen,… an natielech Croix-Rouge ;)
beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2009
Meng eischten Kolonie: daat war am Summer Bierg 2 mam Liz Theis
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: All Moment wou d Kanner hieren Spaass hun, mee den scheinsten Moment war meng eischt Erfahrungen mat behennerten Kanner + La Panne 5 lescht Joer! :)
Ech SInn Och DObäI…
als ... Monitrice an den Vakanzenkolonien (unmierkung vun der Redaktioun: Responsabel zanter 2011 zu Bierg)
numm : Anna Mergen
Alter : 23 Joer
gebuertsdag : 21.1.1988
Ech hun 3 geschwester
wunnen zu : Lëck (Liège an der Bëlge) (iwwert der Woch) an zu Hueschtert (heinsdo de Weekend)
Meng Schoul(en) : Ech war am LRSL, dun zu Bastnesch wou ech Primärschoulsleierin gi sin an de Moment sin ech zu Leck op der uni, fier ganz vill iwwer Erzeiungswessenschaften ze leiren.
Meng hobbien : ganz vill liesen, Klarinett spillen, Croix-Rouge, mat Kolleegen Saachen ennerhuelen, mech gudd ameseiren =)
beim Roude Kräiz derbäi zënter : ui... 2005
Meng eischten Kolonie: dat war Pengschten 2005 zu La Panne am klengen Eenzelzemmer beim Lift um 3. Stack. du gouf et iwwregens nach keen Bett do, just eng Matratz.. =) Mee dat Zemmer war top!
Main scheinsten Erliewniss an enger Kolonie: oh, do gin et der esouvill... am scheinsten fannen ech emmer wann ee grupp zesumme wiisst, behennert, net behennert Kanner, klenger a grousser a wann se alleguerten , Moniteuren an Kanner, dat Joer drop wellen eremkommen...
Spillen oder bastelen? Spillen!!!!
Dobannen oder dobaussen? An am leifsten dobaussen, verkleed an an iegentenger Roll! Meng coolsten Roll war eng Hex!! dat war sou flott!!
la Panne, bierg oder Fiesch? Fiesch war ech nach nie, mee ech wees net op ech teschent La Panne an Bierg well wielen. dei 2 sin fier mech e ganz wichtegen an scheinen Bestanddeel fu menger Summervakanz! =)
Anna Mergen
Saït 004
FOTOSTORy MOl AnESchT...PInnwAnD
IMPRESSuMREAd ANd TALK ABouT ass en Magazin vum Jugendroutkräiz10, Cité Henri dunant L-8095 Bertrange / Tel : 2755 6202 / e-mail : formation @ croix-rouge.luComité de rédaction: Claire Weidert (CW), Laura Zieser (LZ), Philipp Müller (PM), Vicky Frisch (VF), Romain Peters (RP)Coordinatioun : Romain Peters, Comité JugendroutkräizLayout : Alternatives Communication S.à r.l.impression : imprimerie FaberPhotos : data CRTirage : 1.000 exemplaires
billerrätsel
Wien verstoppt sech hannert dëser Foto? Wou gouf se opgeholl an wat gëtt hei gemaacht?
Weess du d’äntwert op des 3 Froen dann schéck ons ganz schnell deng äntwert per Mail op:
[email protected] an gewann 1 vun 3 Croix-Rouge Wantersets!
Zuel vum Mount :
3740 €Hunn mir den 01 Dezember bei onserAction de f in d’année gesammelt fif i r d’cadeau’en akafen zegoen die mer 178 Kanner f i r Kreschtdag waerten zoukommen loossen.
V.l.n.r.: Maité, Claude, Ghislaine, Romain
Sproch vum Mount :Man kann niemanden überholen,wenn man in seine Fußstapfen tritt.
Francois Truffaut (1932 - 1984), französischer Filmregisseur
Départ en retraite
No 26 Joeren wäert um Enn vun dësem Joer den Jacques Hansen, direkter vun der Croix-Rouge hei zu Lëtzebuerg, an d’wuelverdéngten Pensioun goen. den Här Hansen huet awer schonn ugedeit datt hien gären weiderhin der Croix-Rouge als Bénévole erhalen bleiwen. Mir wënschen him alles guddes an erhuelsam Zukunft. An mir wäerten mat Sécherheet op säin Angebot zeréckkommen wann mer demnächst nees ons Campinger opriichten ginn !
BrevetsiwwereechungBrevetsiwwereechung
Animateurs 39xB, 16xC,10xd, 4xF, …
den 20 November 2012 zu Bouneweg
V.l.n.r.: Jérome, Ben, Tania, Tim, Rachel, Sandy, Brenda, Corine, Sophie an den Fabian (op der Foto feelt d’Lidia)
Ons Equippe de chocfir Fiesch X-Mas 2012
V.l.n.r.: Carine, Max, Nathalie, Maryse,
Manu, Nic, Linda, Chris, Li, Jessie,
Henri, Kevin, Samantha, Liz, Tamara,
Nic an Sandy
D’Particpanten vun onsem KREATIV-Stage mam Carine
V.l.n.r uewen: Annemie, Ramona, Lea, Pascal, Tun, Tania, Tim, Sandy,Léon, Debby, Julie, Debo, Lidia, Nathalie, Mandy, Nathalie, Jasmine
V.r.n.l ennen: Senyi, Jessica, Manu, Tania, Rachel, Anne, Vicky,Philippe, Anne, Romain
© L
uxem
burg
er W
ort