weider informatiounen: tel 691 998813 (marc mathay) oder [email protected]
DESCRIPTION
Wéi k ë nne mer d`Liichtverschmotzung an de Gr ëff kréien , den Ubléck vum Stärenhimmel erhalen an dobäi Energie an CO 2 aspueren ? KUERZFASSUNG. - PowerPoint PPT PresentationTRANSCRIPT
Wéi kënne mer d`Liichtverschmotzung an de Grëff kréien, den Ubléck vum Stärenhimmel erhalen an dobäi Energie an CO2 aspueren ?
KUERZFASSUNG
Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder [email protected]
EDITORIAL : Astronomes Amateurs du Luxembourg (www.aal.lu) Association pour la Sauvegarde du Ciel et de l’Environnement Nocturnes
(www.astrosurf.com/pollution)
Wat versteet een ënner Liichtverschmotzung ?
Schlecht Beliichtung verstäerkt de Phänomen, wann se:
Ursaachen: Schlecht adaptéiert Beliichtung
Einfach onnëtz ass
Iwwerdriwe staark ass
schlecht ausgeriicht ass(Beliichtung iwwer dee gewënschte Beräich eraus)
Schlecht ausgeluecht ass (liichten no uewen a schlecht op de Buedem)
Folge vu schlechter Beliichtung
Foussgänger an Autofuerer gi geblend,
dëst ass ee Sëcherheetsproblem, well durch d`Blendung Geforen iwersi kënne ginn.
Blendung, onerwënschte Liichtafall an Impakt op de Mënsch
Onerwënschte Liichtafall forcéiert eis, d`Fënsteren ze verdonkelen, fir e gesonde Schlof ze fannen.
Dem Mënsch säin Organismus ass op den Hell-Donkel Rhyhtmus ugewisen; hie brauch Erhuelungsphasen ouni Liichtstress.
Blendung
Onerwënschte Liichtafall
Koméit Ikeya-Zhang 2002
Dee gläiche Koméit a staark
liichtverschmotztem Himmel
Ongestéiert Beobachtunge sinn net méi méiglech .
Verloscht vun engem grandiosen Naturschauspill
Während an no der Stroumpann vum 14. August 2003 am N-O vun den USA.
Waat een Ënnerscheed !
?
« Wei wichtig e Verloscht ass, stellt een dacks eréischt da fest, wann et ze spéit
ass ! » De Koméit Donati 1858 iwwer Paräis
D`Liewensraim vu nuetsaktiven Deieren ginn verluer.
D`Zuchvigel ginn irritéiert.
Afloss op d`Ëmwelt
Duerch d`Beliichtung vun de Kierchen, Gebaier a Fielse ginn d`Fliedermais an d’Eile verdriwen.
Stroossen, Parkplazen, Monumenter, Parken, Geschäfter, Industrien an Haiser sinn dacks déi ganz Nuecht beliicht. Zu wéi engem Zweck ?
20 bis 50 % vum Liicht geet verluer
Verschwendung vun Energie
nach däitlech méi Verloscht bei de « Kugelluuchten »
19921997
Eis Dierfer, Stied an Stroosse si staark beliicht de Benelux ass mat am schlëmmsten an Europa an op der Welt vun der Liichtverschmotzung betraff .
Kënschtlecht Liicht am Verglach zum natiirlechen Zoustand:
> 2.700 %
De 900 à 2.700 %
De 300 à 900 %
De 100 à 300 %
Och a Lëtzebuerg gëtt et quasi keng Plaze méi, wou een de Stärenhimmel nach ongestéiert bewonnere kann.
Vill vun eise Kanner wëssen net, wat d`Mëllechstrooss ass, einfach well si se nach ni gesinn hunn !
D`Liichtverschmotzung am Benelux / Evolutioun 1992-2002
2002Evolutioun 1992-2002
Setze mer ofgeschiirmte Luuchte mat flaachem Glasbuedem an, déi nëmmen dohi liichten, wou et gebraucht gëtt.
En duerchduechten Asaz vu Luuchte ka gewënschte Beräicher besser beliichten an d`Blendung verhënneren.
Technesch Léisunge sinn do:
Beliichte mer, wann iwerhaapt néideg, vun uewen no ënnen an net ëmgedréit.
Fir d`Liichtemissioun no uewen, an d`Liichtstreeung kleng ze halen ass den Asaz vun Luuchtentypen « Full cut off » mat flaachen Ofschlossglieser (op Däitsch: Flachglas-Leuchtenwanne) onbedéngt ugeroden.
• Méi effizient Beliichtung.• D’Liichtmëttel ass verdeckt.• Verréngert Blendung an onerwënschte Liichtafall.• Beliicht d`Strooss an net den Himmel.
D`Flutliichter op der rietser Säit sinn ersat ginn duerch Straler vum Typ « Full Cut Off ».
Op de Stroosse loossen sech Reflex-Signalisatiounen asetzen, dei keng lafend Käschte verursaachen.
Amplaz déi ganz Nuecht ze beliichten, si Bewegungsmelder e Mëttel, fir Energie a Luucht anzespueren.
D`Beliichtung kann den Aktivitéitszäiten ugepasst ginn.
Beispill vun enger Reduzéierung vu 60% no der Owesaktivitéit.
Aspuere vun Energie an CO2
Eis Stroosseluuchte brennen 4050 Stonnen /Joer. -> an der Moyenne 11,1 Stonnen den Dag !
Kënne mir eis et viru leeschten (a punkto Energie an CO2) eis Beliichtungen an engem Stéck brennen ze loossen, an Zäite wou quasi keen Trafic ass ?
Letzebuerg läit aktuell 31% iwwer sengem Engagement vun Kyoto, domat si mir hanner Spuenien dat Land mat deem schlechteste Resultat !
Beliichtung a Sécherheet
KriminalitéitAn den USA huet den Department of Justice 1977 eng Enquête bei 60 Beliichtungsprojeten durchgefouert: « keng statistesch signifikativ Korrelatioun zwëschent dem Beliichtungszoustand an der Kriminalitéit.»
VerkéierssecherheetEis belsch Nopere si sécherlech Weltmeeschter a Saache Stroossebeliichtung, mee sinn hir Stroossen doduerch nuets méi sécher ?
Rapport vum Ministère de l’Equipement et des Transports (Belgique 2002) : « l'éclairage le long des autoroutes n'apporte pas un plus en matière de sécurité routière »
Mir soen eise Partner Merci:
Enn
Fir méi Informatiounen -> Vollversioun (op desem CD).
Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder [email protected]