pefferkär - chamberwalen 2013 - nummer 3

8
éierlech, sozial, lëtzebuergesch Finanzkompetenz ass eppes aneschtes Déi extrem ugespaant finanziell Situatioun vun eisem Staat spillt bei dëse Walen eng grouss Roll. Et ass ze erwaarden, datt d’CSV duerfir och dës Kéier mat der „Finanzkompetenz“ vun den Häre Juncker a Frieden wäert optrompe fir Stëmmen ze fänken. Duerfir muss d’Fro gestallt ginn, wéi et da mat där Finanzkompetenz ausgesäit. Mir wëssen all, datt Lëtzebuerg iwwer laang Joren am Geld geschwommen ass. Trotz engem enorme Budgetswuesstem ware regelméisseg gigantesch Iwwerschëss ze verzeechnen. Dat war haaptsächlech op eis Bankeplaz zeréckzeféieren, déi floréiert huet. Jidderee wosst, datt dat net éiweg esou géif weidergoen. Och d’Finanzspezialiste vun der CSV. An trotzdem sinn si hirer „Fürsorgepflicht“ fir de Staat net gerecht ginn. Si hunn et iwwer all déi Joren net fäerdegbruecht, dat enorm vill Geld gutt ze verwalten, richteg an d’Zukunft ze investéieren a gläichzäiteg Reserven unzeleeë fir schwéier Zäiten. Vu Finanzkompetenz keng Spuer! Dat war an de sougenannte Boom-Joren. Du koum 2008 déi grouss Finanzkris, déi och Lëtzebuerg haart erwëscht huet. Dat huet d’Finanzspezialiste vun der CSV net dru gehënnert, fir virun de Wale vun 2009 nach ganz deier Cadeauen op Käschte vum Staat auszedeelen. „Finanzkompetenz“ ass eppes aneschtes. No de Walen hu Juncker a Frieden grouss ugekënnegt, si géifen d‘Finanze schrëttweis rëm an d’Gläichgewiicht bréngen, an 2014 en ausgeglachene Budget presentéieren. Haut si mer méi wäit wéi jeemools vun dësem Zil ewech; duerch d‘Zougeständnisser vun den Häre Juncker a Frieden um internationale Plang riskéiere mer 2015 bal zwou Milliarden Euro (80 Milliarde Lëtzebuerger Frang!) Defizit ze maachen. Ënner Finanzkompetenz hat d’ADR sech eppes aneschtes virgestallt. Léif Wielerinnen a Wieler! Déi dräi traditionell Parteien hunn a gudde Joren d’Geld dropgemaach a sinn och a schwéieren Zäiten net capabel, verstänneg ze spueren. Si sinn am Gaang, d’Zukunft vun eise Kanner a Kandskanner futtizemaachen. Duerfir hunn si d’Rout Kaart verdéngt. Weist hinnen se! Wielt duerfir ADR! Simplification administrative, e Flop S. 2 Eine Anlaufstelle für Betriebe ............ S. 2 Spueren! Ganz konkret. ...................... S. 3 Auslännerwalrecht: d‘CSV-Spill ........ S. 4 Den Tram féiert riicht an de Chaos! .. S. 5 Nulltarif im öffentlichen Transport .... S. 5 Relioune si wichteg... ......................... S. 6 „Unfair & Unstabil“ laut Tageblatt .... S. 6 De Staat besser kontrolléieren .......... S. 6 D‘Verfassungsgeriicht am CSV-Staat S. 7 Referendum = méi Demokratie .......... S. 7 Hurra, mir retten d‘Welt ...................... S. 8 de Pefferkär Chamberwalen 2013 - Nummer 3 Lëscht 2 D'ADR informéiert... de Pefferkär édition française Vous trouvez la traduction française des principaux articles du ADR-Pefferkär sur notre site internet: www.adr.lu/pefferkar-lu-vf/ Kommt an diskutéiert mat eisen Deputéierten a Kandidaten iwwert politesch Sujeten, déi d‘Land beweegen, a schwätzt déi Punkten un, déi Iech besonnesch um Häerz leien. Eis Informatiounsversammlunge fänken ëmmer um 20.00 Auer un. 8. Oktober Hesper Centre Nic. Braun 474, rte de Thionville 9. Oktober Linger Centre sociétaire 20, r.de la Libération 10. Oktober 11. Oktober Monnerech Centre Arthur Thinnes rue Arthur Thinnes Feelen Am Hennesbau Sall Musée 14. Oktober Houschter-Déckt Koeppe Jemp Haus 59 - Haaptstrooss 15. Oktober Esch-Uelzecht Hall Omnisport H. Schmitz Bd. Hubert Clement 16. Oktober 17. Oktober Klengbetten Rest. de Bräilëffel 11, rue de la Gare Schengen Café Oudill 52, Wäistrooss

Upload: liliana-miranda

Post on 22-Mar-2016

241 views

Category:

Documents


9 download

DESCRIPTION

 

TRANSCRIPT

Page 1: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Finanzkompetenz ass eppes aneschtes

Déi extrem ugespaant finanziell Situatioun vun eisem Staat spillt bei dëse Walen eng grouss Roll. Et ass ze erwaarden, datt d’CSV duerfir och dës Kéier mat der „Finanzkompetenz“ vun den Häre Juncker a Frieden wäert optrompe fir Stëmmen ze fänken.

Duerfir muss d’Fro gestallt ginn, wéi et da mat där Finanzkompetenz ausgesäit.

Mir wëssen all, datt Lëtzebuerg iwwer laang Joren am Geld geschwommen ass. Trotz engem enorme Budgetswuesstem ware regelméisseg gigantesch Iwwerschëss ze verzeechnen. Dat war haaptsächlech op eis Bankeplaz zeréckzeféieren, déi floréiert huet.

Jidderee wosst, datt dat net éiweg esou géif weidergoen. Och d’Finanzspezialiste vun der CSV. An trotzdem sinn si hirer „Fürsorgepflicht“ fir de Staat net gerecht ginn. Si hunn et iwwer all déi Joren net fäerdegbruecht, dat enorm vill Geld gutt ze verwalten, richteg an d’Zukunft ze investéieren a gläichzäiteg Reserven unzeleeë fir schwéier Zäiten. Vu Finanzkompetenz keng Spuer!

Dat war an de sougenannte Boom-Joren. Du koum

2008 déi grouss Finanzkris, déi och Lëtzebuerg haart erwëscht huet. Dat huet d’Finanzspezialiste vun der CSV net dru gehënnert, fir virun de Wale vun 2009 nach ganz deier Cadeauen op Käschte vum Staat auszedeelen. „Finanzkompetenz“ ass eppes aneschtes.

No de Walen hu Juncker a Frieden grouss ugekënnegt, si géifen d‘Finanze schrëttweis rëm an d’Gläichgewiicht bréngen, an 2014 en ausgeglachene Budget presentéieren. Haut si mer méi wäit wéi jeemools vun dësem Zil ewech; duerch d‘Zougeständnisser vun den Häre Juncker a Frieden um internationale Plang riskéiere mer 2015 bal zwou Milliarden Euro (80 Milliarde Lëtzebuerger Frang!) Defizit ze maachen. Ënner Finanzkompetenz hat d’ADR sech eppes aneschtes virgestallt.

Léif Wielerinnen a Wieler!

Déi dräi traditionell Parteien hunn a gudde Joren d’Geld dropgemaach a sinn och a schwéieren Zäiten net capabel, verstänneg ze spueren. Si sinn am Gaang, d’Zukunft vun eise Kanner a Kandskanner futtizemaachen. Duerfir hunn si d’Rout Kaart verdéngt. Weist hinnen se! Wielt duerfir ADR!

Simplification administrative, e Flop S. 2Eine Anlaufstelle für Betriebe ............ S. 2Spueren! Ganz konkret. ...................... S. 3Auslännerwalrecht: d‘CSV-Spill ........ S. 4Den Tram féiert riicht an de Chaos! .. S. 5Nulltarif im öffentlichen Transport .... S. 5Relioune si wichteg... ......................... S. 6„Unfair & Unstabil“ laut Tageblatt .... S. 6De Staat besser kontrolléieren .......... S. 6D‘Verfassungsgeriicht am CSV-Staat S. 7 Referendum = méi Demokratie .......... S. 7Hurra, mir retten d‘Welt ...................... S. 8

de PefferkärChamberwalen 2013 - Nummer 3

Lëscht 2

D'ADR informéiert...

de Pefferkärédition française

Vous trouvez la traduction française des principaux articles du ADR-Pefferkär sur notre site internet: www.adr.lu/pefferkar-lu-vf/

Kommt an diskutéiert mat eisen Deputéierten a Kandidaten iwwert politesch Sujeten, déi d‘Land beweegen, a schwätzt déi Punkten un, déi Iech besonnesch um Häerz leien.

Eis Informatiounsversammlunge fänken ëmmer um 20.00 Auer un.

8. Oktober

HesperCentre Nic. Braun

474, rte de Thionville

9. Oktober

LingerCentre sociétaire

20, r.de la Libération

10. Oktober 11. Oktober

MonnerechCentre Arthur Thinnes

rue Arthur Thinnes

FeelenAm Hennesbau

Sall Musée

Staatsschold

Zorau

An ech muss dat bezuelen

2001 2008 2013

+1,5

Mill

iard

en E

uro

+ 5,4

Mill

iard

en E

uro

+ 11,5

Milli

arde

n Eu

ro

14. Oktober

Houschter-DécktKoeppe Jemp

Haus 59 - Haaptstrooss

15. Oktober

Esch-UelzechtHall Omnisport H. Schmitz

Bd. Hubert Clement

16. Oktober 17. Oktober

KlengbettenRest. de Bräilëffel11, rue de la Gare

SchengenCafé Oudill

52, Wäistrooss

Page 2: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

ADR Pefferkär Chamberwalen 2013 Säit 2

Simplification administrative – e Flop!Es gab Zeiten, da konnte sich Luxemburg seiner „kurzen Wege“ rühmen. Anträge wurden zügig bearbeitet, Probleme wurden auf kurzem Wege pragmatisch gelöst. Das war ein starker Standort-vorteil gegenüber unseren Nachbarn.

Heute ist es umgekehrt. Paradebeispiel: die Odys-see des Allgemeinen Verbandes bei seiner Suche nach einem neuen Standort: Während die Bauge-nehmigung im saarländischen Perl an der Mosel innerhalb weniger Monate vorlag und die neuen Einrichtungen fast fertig sind, tritt der „Verband“ in Colmar-Berg immer noch auf der Stelle.

Zu verdanken haben wir dies einer falsch gepolten Umweltpolitik, aber in noch höherem Maße der Unfähigkeit der Regierung(en), endlich Remedur im behördlichen Paragraphendschun-gel zu schaffen. Das Wort „simplifica-tion administrative“ ist zur reinen Farce geworden; Premier Juncker, der das Problem zur Chefsache erklärt hatte, ist damit kläglich gescheitert.

Die ADR ist entschlossen, diesem Moloch, der die Wettbewerbsfähig-keit unserer Betriebe stark beein-trächtigt, den Garaus zu machen. Konsequente Durchforstung aller Texte, Vereinfachung der Prozedu-ren, Verkürzung der zeitlichen Ab-läufe, Vernetzung aller beteiligten Instanzen, Einführung der automa-tischen Genehmigung wenn inner-halb der vorgegebenen Frist keine behördliche Antwort erfolgt ist, sind Ecksteine einer Reform, die die Be-kämpfung der ausufernden Bürokra-tie zum Ziel hat. Der Antragsteller muss desweiteren wissen, wer für seine Akte zuständig ist; er muss jederzeit online nachsehen können, wo sie sich in der Prozedur befindet

und zeitnah informiert werden, sobald sich ein Problem auftut.

Anstelle der Schwerfälligkeit muss eine proaktive Kultur des „Helfenwollens“ in den Ministerien und Verwaltungen einkehren. Trotz vieler Verspre-chen haben die Regierungsparteien dieses exis-tenzielle Problem nicht gelöst. Die ADR, der vor allem das Wohl der kleinen und mittleren Betriebe am Herzen liegt, wird alles tun, damit Luxemburg wieder zum Land der kurzen Wege wird.

Den Tëppelchen op den i„ ...Handlungsbedarf sieht der christliche Gewerkschaftsbund in Sachen Bildung, Aus- und Weiterbildung. „45 Prozent der Arbeitsuchenden haben keine Qualifikation", meinte Dury, der eine qualitativ hochwertige Grundausbildung für alle jungen Menschen forderte…“ LW vom 17.9.2013

Na ja, so neu ist diese Erkenntnis ja nicht. Und immerhin ist die mit dem LCGB verbandelte CSV seit Jahrzehnten in der Verantwortung. Mit dem Ergebnis, dass wir trotz 140.000 Grenzgängern fast 22.000 Arbeitslose im eigenen Lande verzeichnen, von denen fast die Hälfte keine Qualifikation besitzt. Schuld daran ist natürlich weder die CSV, noch die Regierung, sondern allein der Mann im Mond.

„ ... Das Wohnen in Luxemburg ist zu teuer. Ein Normalverdiener kann sich kaum noch ein Eigenheim ohne großes Schuldenrisiko leisten. Es ist dringend an der Zeit, gesetzliche Maßnahmen zu treffen, um den Preis für die eigenen vier Wände erschwinglicher zu gestalten…“Tageblatt vom 17.9.2013

Es gibt zweifellos ein probateres Mittel. Und das besteht darin, diejenigen, die seit Jahr und Tag erfolglos an der Lösung des unbezahlbaren Baugrunds herumbasteln, am 20. Oktober in die Wüste zu schicken.

„ ... Schwer auf dem Magen liegen der Gewerkschaft weiterhin die Bilanzen in der Grundschule, die das SEW als „Gewurschtels" bezeichnet. Zensuren oder Bilanzen, egal wie sie genannt werden, müssten den Eltern klar und deutlich zeigen, wo die Stärken und Schwächen ihres Kindes liegen…“Tageblatt vom 17.9.2013

Au, au, da kriegt die gute LSAP-Mady, die seit Jahren mit viel Erfolg versucht, mit ihrem „Gewurschtels“ die gute alte Luxemburger Schule auf den Kopf zu stellen, aber rote Ohren. Zumal diese harsche, aber berechtigte Kritik auch noch aus der roten Ecke kommt.

Der Mittelstand ist und bleibt das wichtigste und krisensicherste Standbein unserer Wirtschaft. Dies ist in den vergangenen Jahren leider allzuoft vergessen worden. Die ADR will, dass die staatlichen Verwaltungen ihre Funktionen gegenüber dem Mittelstand als Dienst am Kunden interpretieren und dementsprechend pro-aktiv bei der Lösung aller Probleme behilflich sind.

Die Entwicklung der kleinen und mittleren Betriebe (PME), die heute durch zahlreiche Hürden eingeschränkt wird, ist ein maßgebender Faktor für das Wirtschaftswachstum insgesamt. Die ADR wird gezielt die PME fördern. Vorrangig geht es dabei um die Verringerung

administrativer Auflagen, die die Entwicklung der PME beeinträchtigen.

Die Verwaltung muss sich auf effiziente Weise in den Dienst der Betriebe und des Wachstums stellen. Es wird Zeit, spezielle Anstrengungen für die PME mit weniger als 50 Mitarbeitern zu unternehmen. Die ADR schlägt eine Reform vor, die sich inspiriert am « Small Business Service », einer einzigen Anlaufstelle für die ganz kleinen Betriebe, die von der Regierung in Großbritannien eingerichtet wurde.

Auf diesem Beispiel aufbauend, wird die vorgeschlagene Anlaufstelle die Betriebe mit weniger als 50 Mitarbeitern beraten und

in ihrer Entwicklung unterstützen. Diese Anlaufstelle vereint die verschiedenen Dienste, die die Betriebe brauchen. Sie setzt sich aus Steuerkontrolleuren, aus den Kontrolleuren der Sozialversicherungen ,sowie aus Gewerbeinspektoren zusammen. Sie wird die Betriebe unterstützen und beraten, wobei ihre Antworten die gesamte Verwaltung binden, einschließlich vor den Gerichten.

Das Aktionsgebiet der Anlaufstelle muss weitreichend sein: Unterstützung bei der Unternehmensgründung, Verwaltung, Rück-forderung der Steuer- und Sozialabgaben, Verwaltung von Beanstandungen, Integration und Kontrolle.

Eine Anlaufstelle für kleine und mittlere Betriebe

Page 3: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Säit 3 Chamberwalen 2013 ADR Pefferkär

Och aus der Oppositioun eraus weist d‘ADR, datt se Verantwortung fir dëst Land kann droen. D‘ADR huet schonns virun de Wale vun 2009 d‘Wourecht iwwert d‘Staatsfinanze gesot. Et ass och net op d‘Opléisung vun der CSV-LSAP-Regierung gewaart ginn, fir ganz konkret Virschléi op den Dësch ze leeën, wéi a wou de Staat kann a muss spueren. Dorënner sinn och manner populär Mesuren, déi awer néideg sinn, wa mir net wëllen d‘Laascht vun der Staatsschold op eis Kanner an Enkelkanner iwwerdroen.

Am Abrëll 2010, virun de Gemengewale vun 2011 an nees am Virfeld vun der Declaratioun zur Lag vun der Natioun huet d‘ADR hir Virschléi der Ëffentlechkeet am Parlament virgeluecht. Et sinn dës ganz konkret Propositiounen, déi op dëser Säit nozeliese sinn. Och am Walprogram fannen all dës Propositiounen hire Nidderschlag, an d‘ADR wäert sech konsequent dofir asetzen, datt de Budget vum Zentralstaat nees an den Equiliber kënnt an d‘Staatsschold net weider klëmmt. Dëst si mer eise Kanner schëlleg!

Propositiounenoch virun de Walen

Spueren! Ganz konkret.

1: Transparenz an de Staatsfinanzen All Mount Verëffentlechung:

• vun de Recetten an den Depensen am Verglach mam Virjoer a mam Budget;

• vun der Tresorerie (Liquiditéitssituatioun);• vun der Staatsschold;• vun der finanzieller Situatioun vun de

Spezialfongen;• vun de Steierrecettë pro Aktivitéitssecteur;• vun de Beträg, déi d’Steierverwaltung an

den Enregistrement u Remboursementer schëlleg ass.

2: Spuere beim Staat• Aschreiwe vun der Scholdebrems an

d’Verfassung;• Fir all gréissere Projet muss dem Parlament

eng extern Bewäertung agereecht ginn iwwert d’Noutwennegkeet, d’Zweckméissegkeet an d’Käschteneffizienz;

• Aschränkung vun de sougenannten „crédits non limitatifs et sans distinction d‘exercice“;

• Verwaltungskäschten drastesch reduzéieren (iwwert d’Hëllef vun „Audits externes“);

• Duerchforste vu Subventiounen a Subsiden;• Reduzéiere vun de Publizitéitscampagnë

vun den eenzelne Ministèren;• D’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum „revenu

interne brut“ (RIB) zeréckféieren;• Ministèren a Verwaltungen, déi reng

ideologescher Natur sinn oder där hiren Notzen net erkennbar ass, ginn ofgeschaf oder an aner Verwaltungen integréiert a rationaliséiert;

• Neiverhandlung vun de finanzielle Bäiträg an internationalen Organisatiounen;

• Schluss mam Dropmaache vu Budgetskreditter, déi um Enn vum Joer net ganz opgebraucht sinn;

• Keng weider Transferten an d’Ausland am Kader vum Klimaschutz;

• Kampf géint de Mëssbrauch am Beräich vun de Sozialleeschtungen.

3. Projeten, déi definitiv gestrach musse ginn• Den Tram duerch d‘Stad• De Militärfliger A 400 M• Transportsystem E.go

4. Projeten, déi zeréckgesat musse ginn• Déi 3. Spuer vun der Autobunn Stengefort –

Diddeleng;• Sämtlech Investitiounen an Infrastrukture

mussen no Prioritéiten opgestallt an zäitlech esou realiséiert ginn, datt se de budgetäre Méiglechkeeten entspriechen.

5. Sozial- a steierpolitesch Moossnamen• Nullronn am ëffentlechen Déngscht;• Tubak an Alkohol aus dem Indexwuerekuerf

huelen;• D’ADR ass fir d’Bäibehale vun den

Ënnerstëtzungsmoossnamen (Kanner-geld, Kannerbonus, Chèques-service…) fir d’Familljen, dës sollen awer regroupéiert ginn an d’sozial Selektivitéit gëtt iwwert d’Steiere realiséiert;

• D’ADR ass géint:• eng nei Krisesteier• eng Erhéijung vun der TVA

• D’ADR ass fir eng Finanztransaktiounssteier, awer nëmmen op weltwäitem Niveau;

• Datselwecht gëllt fir eng Kerosinsteier fir d’Aviatioun;

• De Staat soll sech op seng Käraufgabe konzentréieren;

• Am ëffentlechen Déngscht sollen nëmme méi déi Posten nei besat ginn, déi onbedéngt musse besat sinn;

• De „changement d’administration“ muss méi wäit opgemaach ginn.

Déi nächst Regierung muss als alleréischt Prioritéit hunn, iwwert déi ganz Legislaturperiod Budgeten opzestellen, déi keen Defizit opweisen! Nieft de konkrete Spuermoossname mussen dowéinst beim Staat dës Methoden a Prinzipien ugewannt ginn:

1. All Minister muss säi Budget eenzel virun der zoustänneger Kommissioun am Parlament virstellen a verdeedegen. Fir 2014 mussen d‘Budgete vun de Ministèren, déi net prioritär sinn, ëm mindestens 10% zum Joer virdrun erofgesat ginn.

2. D‘Kompetenze vun der Cour des Comptes gi gestäerkt, a si gëtt och fir d‘Gemengen zoustänneg. Bei Depensë vun iwwert 50 Milliounen Euro kann d‘Cour des Comptes am Virfeld der Chamber e Rapport iwwert Sënn oder Onsënn vun dëser Moossnam virleeën. Dëse Rapport gëtt public gemaach, d‘Chamber bleift awer souverän iwwert hir Entscheedung.

3. D‘Chamberkommissioun, déi fir d‘Budgets-kontroll zoustänneg ass, kritt méi Kompe-tenzen.

4. D‘Steierverwaltung gëtt an d‘Lag gesat, déi néideg Kontrollen duerchzeféieren a geschëllte Steieren anzedreiwen. D‘ADR ass dowéinst och mat méi Personal fir dës Verwaltungen (Steierverwaltung an Enregistrement) averstanen, ouni datt de Gesamteffektiv beim Staat soll eropgoen.

Eng streng Disziplin

Page 4: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

ADR Pefferkär Chamberwalen 2013 Säit 4

Auslännerwalrecht: wat fir e Spill spillt d’CSV?Sollen Nët-Lëtzebuerger d’Walrecht fir d’Chamberwale kréien? D’ADR seet ganz kloer NEEN. A mir hu gutt Grënn derfir.

Dat huet fir d’alleréischt eppes mat eisem Staatsverständnis ze dinn. Wien zum Lëtzebuerger Staat gehéiere wëll, kann dat doduerch maachen, datt en eis Nationalitéit unhëlt. Dat ass haut fir déi meescht duerch d’duebel Nationalitéit kee Problem.

Duerch d’Unhuele vun eiser Staatsbiergerschaft mécht een e wichtege Schrack, e Geste, mat deem een sech zu eisem Land, senger Identitéit, senger Geschicht a senge Traditioune bekennt. Et gehéiert ee ganz einfach derzou.

D’duebel Nationalitéit ass agefouert gi mam Argument, fir méi Leit d’Méiglechkeet ze ginn, mat wielen ze goen. Elo soll d’Konditioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit beim Walrecht ofgeschaf ginn, dat heescht, d’Haaptmotiv fir d’duebel Nationalitéit anzeféiere gëtt ad absurdum gefouert. Domatt géif och de wichtegste Grond, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen, ewechfalen.

Lëtzebuergesch kënnen

Fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, muss ee Lëtzebuergesch kënnen. D’ADR mengt, dat wär net nëmmen e wichtege Kritär fir eng reusséiert Integratioun, mee och eng Viraussetzung fir ze verstoen, wat hei am Land leeft, an deemno an der Politik kënne matzeschwätzen.

D’ADR mengt och, datt et net richteg wär, fir Net-Lëtzebuerger d’Walrecht ze ginn, déi nëmme fir eng gewëssen Zäit bei eis liewen an dann rëm zeréck an hiert Heemechtsland goe wëllen. D’Chamber wielen heescht, iwwer déi laangfristeg Zukunft vun eisem Land matzebestëmmen, an dat setzt viraus, datt een och hei bleiwe wëllt.

Wann eis auslännesch Matbierger dat legislatiivt Walrecht kréien ouni Lëtzebuerger ze sinn, dann däerfen se logescherweis och an der Fonction publique schaffen. Dat géif jiddefalls eisem Staatsverständnis widderspriechen, laut deem déi wichteg Funktioune beim Staat nëmmen duerch Lëtzebuerger däerfe besat ginn.

D’Konditioun, datt ee muss Lëtzebuerger sinn, fir d’Chamber kënnen ze wielen, steet an eiser Verfassung an do gehéiert se och hin.

Wann se an der Verfassung verankert ass, dann ass et och schwéier fir se ofzeschafen. Duerfir brauch een an der Chamber eng 2/3-Majoritéit vun Deputéierten. An de Bierger huet d’Méiglechkeet, fir e Referendum (amplaz vum zweete Vote vun der Chamber) iwwer dës Fro ze verlaangen, an déi Verfassungsännerung rëm ze kippen.

Déi zweedeiteg Roll vun der CSV

D’Sozialisten, d’DP, déi Gréng an déi Lénk wëllen d’Konditioun vun der Nationalitéit am nationale Walrecht ofschafen. D’CSV spillt, wéi sou dacks, eng zweedeiteg Roll. Si huet duerch hire President vun der zoustänneger Chamberkommissioun proposéiert, fir deen Artikel an der Verfassung esou ze änneren, datt an Zukunft d‘Chamber iwwert de Wee vun engem Gesetz d‘Auslännerwalrecht kéint aféieren.

Wéi d’ADR sech als eenzeg Partei do dergéint gestallt huet, dunn huet d’CSV ganz séier d’Kéier geholl, an elo seet se, si wär géint d’Auslännerwalrecht. Wann een als Partei géint d‘Auslännerwalrecht ass, muss een och kloer zum Ausdrock bréngen, datt et esou an der Verfassung muss verankert bleiwen.

Wann Dir der Meenung sidd, dat nationaalt Walrecht sollt nëmmen de Leit mat der Lëtzebuerger Nationalitéit reservéiert bleiwen, da wielt ADR, an nëmmen ADR!

Gibéryen Gast

KartheiserFernand

Badic-Steffen Helma

BouchardGuy

Lëscht 2BezierkSüden

Bouchard - Kaspar Sandra

Boz - Retter Michèle

Coutinho Cindy

Di DomenicoPeppino

FeltzMicheline

FrischJeff

Giannotte Joëlle

ép. Ostertag

HaasVic

KleinJean

KohlSuzanne

KutznerPaul

NickelsPaul

ProttMalou

SanchesJorge

SchiffmannMarc

SchroederNico

StrottnerJean-Claude

Thein Joé

Weber Moniqueép.Thein

Page 5: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Säit 5 Chamberwalen 2013 ADR Pefferkär

Den Tram féiert riicht an de Chaos !D‘ADR ass déi eenzeg Partei an der Chamber an am Gemengerot an der Stad, déi sech konsequent géint den Tram an der Stad asetzt. Vill Bierger deelen dës Meenung: keen Tram duerch d‘Stad! Am Kader vun enger ëffentlecher Konsultatioun – déi vun offizieller Säit nëmmen de Minimum u Publizitéit krut – bestätegt eng Etude vun zwee Ingenieursbureauen, datt de Bau vum Tram nëmmen eppes erreecht: den absolute Chaos an der Stad!

Den Tram bréngt Verschlechterunge fir jiddereen, ugefaange bei de Benotzer vum ëffentlechen Transport. Den Tram brauch méi Zäit vun der Gare op de Kierchbierg wéi de Bus, a fiert manner oft. Well um Parcours vum Tram keng Busser däerfe fueren, muss ee vu Quartier zu Quartier vill méi dacks ëmklammen.

Kommen haut all Schüler mat engem direkte Bus an hire Lycée, esou mussen se an Zukunft, fir op de Lampertsbierg ze kommen, mam Tram bis op de Glacis an da weider mat enger Busnavette an hir Schoul. Dat heescht, op d‘mannst zwee Mol ëmklammen!

Passagéier, déi mat engem Regionalbus an d‘Stad kommen, mussen op der éischter Halt vum Tram ëmklammen, fir duerno eventuell eng zweete Kéier mussen op e Stater Bus ze waarden.

Benotzer vum Individualverkéier kréien et och méi schwéier, net nëmmen d‘Vëlosfuerer, déi

risquéieren an de Schinnen hänkenzebleiwen. D‘Etude vun den Ingenieursbureauen hält op d‘mannst eng hallef Dose wichteg Kräizunge fest, déi ënnert dem Verkéierschaos zesummebrieche wäerten. Net ze schwätze vun de Kniet am Trafic während der laanger Phase vum Chantier.

D‘Regierung riet och d‘Käschte kleng: nëmmen 350 Milliounen Euro soll den Tram mat de Schinnen, de Ween an dem Tramsschapp kaschten! Dobäi gi fir déi puer honnert Meter

tëschent dem Pafendall an dem Kierchbierg mat zwee Shuttlen 100 Milliounen ageplangt!

D‘ADR ass sech sécher, datt de ganze Projet Tram, mam Shuttle an der Verstäerkung vun de Brécken, no bei eng Milliard wäert kaschten.

All Stëmm fir d‘CSV, d‘LSAP, d‘DP oder déi Gréng ass eng Stëmm fir den Tram! Hëlleft dës gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert ze verhënneren: wielt ADR!

Nulltarif im öffentlichen TransportDie Mobilität, in all ihren Facetten, ist eine der größ-ten Herausforderungen für unser Land. Für die ADR muss die Transportpolitik der nächsten Jahre auf einem intelligenten, effizienten und ökologisch vertretbaren Mischkonzept beruhen, das sowohl den öffentlichen Transport als auch den Individual-verkehr in seine Überlegungen mit einbezieht.

Die ADR möchte den öffentlichen Transport kon-sequent fördern, ohne dafür den Individualver-kehr unnötig zu strapazieren. Die absichtliche Einrichtung staufördernder Busspuren lehnt die ADR daher genau so ab, wie den geplanten Bau einer verkehrsbehindernden Trambahn durch die engen Straßen der Stadt Luxemburg. Lange Staus sind weder den Menschen zumutbar noch dem Umweltschutz dienlich.

Für die ADR ist die Einführung des Nulltarifs eine der effizientesten Möglichkeiten um den öffentli-chen Transport zu fördern. Schon heute wird der öffentliche Transport fast zur Gänze aus Steuer-geldern finanziert. Die Einnahmen für die Fahrkar-

ten stellen dabei nur eine relativ geringfügige Ein-kommensquelle dar. Die Einführung des Nulltarifs wird auch nicht zu einem Personalabbau führen. Die ADR wird sich dafür einsetzen, dass ein gro-ßer Teil des Personals Aufgaben im Bereich der Sicherheit oder der Qualitätserhöhung überneh-men wird. Dazu gehört auch die bewusste Unter-stützung älterer oder behinderter Fahrgäste.

Bei allen Bemühungen, den öffentlichen Trans-port attraktiver zu gestalten, wird in absehbarer Zukunft auch weiterhin der Individualverkehr die größere Rolle spielen. Die ADR wird sich dafür einsetzen, dass allen Bürgern, die auf ihr Auto angewiesen sind oder dieses Verkehrsmittel aus persönlichen Gründen bevorzugen, ein ange-messenes Straßennetz und ausreichende Park-möglichkeiten zur Verfügung stehen.

Die ADR steht für Mobilität mit grünen Ampeln. Die Farbe Grün muss aber für alle Teilnehmer leuchten, nicht nur für Züge, Busse und Fahrrä-der.

Neen zum VandalismusEt gehéiert zu enger Demokratie, datt ee mat den Iddie vun enger Partei net averstanen ass - an dat och zum Ausdréck bréngt. Esou Akte vu Vandalismus sinn awer inakzeptabel! Mä esou vill zum Demokratieversteesdemech vun engem Deel vun deenen, déi eis net gutt gesënnt sinn...

Page 6: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

ADR Pefferkär Chamberwalen 2013 Säit 6

Me RedingRoy

Goergen Marceline

Anthony Charlotte

ép. FleschBauerEsther

Lëscht 2BezierkZentrum

Relioune si wichteg...

Relioune si wichteg... ass d‘Iwwerschrëft vun engem vun den nëmmen aacht Kapitelen aus dem CSV-Walprogram. Fir d‘CSV hält dës Wichtegkeet awer schonns no der Grondschoul op! An deem Kapitel ass ze liesen: „In der Sekundarschule wird der Werte- und Religionsunterricht in Zusammenarbeit, im Dialog und nach Verhandlungen mit den zuständigen Anbietern in einem gemeinsamen Werte- und Zivilisationsunterricht zusammengeführt“.

D‘ADR setzt sech weider fir déi fräi Wiel an der Schoul an, an zwar tëschent „formation morale“ a Reliounsunterrecht! Et sief erënnert, datt dem Rapport vun den Experten no, déi sech mam Thema „Trennung vu Kierch a Staat“ befaasst hunn, an de Lycéeën ronn 60 % vun de Schüler sech fir de Reliounsunterrecht entscheet hunn!

D‘ADR respektéiert domadder d‘Entscheedung vun den Elteren an de Schüler. D‘ADR ass och dofir, datt aner Reliounen, op Wonsch vun Elteren a Schüler, offiziell an der Schoul däerfe geléiert ginn.

Den Inhalt vun alle Coursen, ob Relioun oder Wäerteunterrecht, muss dobäi de Respekt virun de Mënscherechter léieren, an op Toleranz vis-à-vis vun anere Reliounen a Weltanschauungen opgebaut sinn.

Datt déi „Chëschtlech“-sozial hiren „C“ vergiessen ass hire Problem. Wann awer muer de Reliounsunterrecht, vu wat fir enger Relioun och ëmmer, vun der Schoul an Hannerhäff verlagert gëtt, kann e grousse Problem fir déi sozial Cohesioun entstoen.

BergerSteve

BramHenri

ClementBéatrice

da ConceiçãoSandra

DepienneLucien

FleschFelix

GoergenMarie-Jeanne

Haas-ErpeldingMarie-Josée

KarpovSerge

NikelsChristian

NimaxAlbert

Reding-LenertzJosette

Me ReuterKarine

SchmitJosiane

TurmesManuel

WolffMarco

Dr. Jur.XhonneuxDetlef

„Unfair & Unstabil“ laut TageblattAlvin Sold, ehemaliger Direktor der „presse amie“ der LSAP, scheint auch in seiner Pension ein aufmerksamer Beobachter der politischen und ökonomischen Situation des Landes zu bleiben. In seinem Leitartikel im Tageblatt vom 19. September trifft er ins Schwarze! Hier, mit dem Titel „Unfair & Unstabil“, seine genaue Lagebeschreibung:

Ein paar Zahlen nur, um aufzuzeigen, wie unfair es seit zehn CSV-Juncker-Jahren in Luxemburg zugeht, und wie unstabil das Land geworden ist:

• Die Staatsschuld stieg um 491,1% von 1,562 Milliarden auf 9,232 Milliarden.

• Die Arbeitslosigkeit wuchs um 202,4% von 4.954 auf 14.983 Ende 2012. Inzwischen sind „wir“ bei über 17.000.

• In den genannten zehn Jahren kletterten die nicht mehr voll, weil manipulierter Index, kompensierten Preise um 26,6% bei den

Lebensmitteln, um 51,2% bei den Wohnkosten, um 41,9% bei den Verwaltungen.

• Die offiziell als „arm“ geltenden Mitbürger sind heute rund 70.000, so viele wie die Einwohnerschaft von Esch und Differdingen und Düdelingen zusammen. Fairness? Stabilität?

Nie zuvor gab es solche Zustände in Luxemburg, wo die CSV, nach eigener Darstellung, das Sagen hatte, hat und haben will.

Herr Alvin Sold hat dabei nur eine Kleinigkeit vergessen: seine „Komeroden“ aus der LSAP haben all die Jahre mit der CSV in der Regierung gesessen, die defizitären Budgets mit beschlossen, für die Indexmanipulationen gestimmt... und sogar den Arbeits(losen)minister gestellt. „Lëtzebuerg brauch en Neiufank“ ist genau so wenig glaubwürdig für die LSAP wie „Fair a stabil“ für die CSV.

10. SeptemberEsch-Uelzecht

Groussen Theater, op der BrillplazUfank: 20.00 Auer

www.adr.lu/kandidaten_2013/

Méi wëssen iwwertd'Kandidate vun der ADR

Page 7: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Säit 7 Chamberwalen 2013 ADR Pefferkär

Dr. Thill-HeusbourgRobert

GeorgesMarie-Josée

KirschRoland

Lëscht 2BezierkOsten

LambertySteve

Neves Monteiro Claudia

Pereira Fernandez

CathyRenckensPierre

ReuterMarie-José

MehlenRoby

Dr. SchoosJean

FiedlerPascal

HouwenMartin

KirchenErny

PiccoInes

SchengenAlain

Lëscht 2

EngelenJeff

BezierkNorden

Zu Lëtzebuerg ass de Referendum um nationale Plang déi absolut Ausnam. Kee Wonner, well d’Leit selwer keng Chance hunn, e Referendum erbäizeféieren, ausser bei enger Verfassungsännerung, wou op Volleksbegier den zweete Vote vun der Chamber duerch e Referendum muss ersat ginn. Donieft huet just d’Chamber d’Recht, duerch e Gesetz e Referendum an d’Wee ze leeden.

Der ADR geet dat net duer. Mir mengen, datt d’Vollek selwer muss d’Méiglechkeet kréien, op eegen Initiativ a wichtege Froen e Referendum ze declenchéieren. D’ADR huet dofir schonn 1993 eng Gesetzespropositioun an der Chamber abruecht, déi awer bis haut net ëmgesat ginn ass.

Dobäi ass fir d’ADR kloer, datt een net andauernd iwwer all méiglech Klengegkeete kann ofstëmmen. Duerfir si mir derfir, datt d’Zuel

vun Ënnerschrëften, déi fir d’Ofhale vun engem Referendum erfuerdert ass, héich genuch muss sinn, fir den Abus ze verhënneren, mee awer och net sou héich, datt de Referendum op Volleksinitiativ bal onméiglech gemaach gëtt.

Am Zäitalter vun der moderner Kommunikatioun muss et och erméiglecht ginn, déi néideg Stëmme fir e Referendum per Internet ze sammelen. Dat gehéiert haut zu enger partizipativer Demokratie.

D’ADR ass iwwerzeegt, datt de Referendum en onverzichtbart Instrument ass, fir an enger lieweger Demokratie d’Vollek u wichtegen Decisiounen ze bedeelegen an domat der Politikverdrossenheet entgéintzewierken.

Fir d’ADR ass et och absolut ondenkbar, datt déi nei Verfassung ouni Referendum kéint a Kraaft gesat ginn.

D'Verfassungsgeriichtam CSV-StaatD’Aufgab vum Verfassungsgeriicht ass et, ze préiwen, ob Gesetzer konform zu eiser Verfassung sinn. Zu Lëtzebuerg geet d’Schafung vum Verfassungsgeriicht op en Urteel vum Europäesche Mënscherechtsgeriicht zeréck (Procola-Urteel 1995). Zanterhier huet eist Verfassungsgeriicht eng Rëtsch Urteeler geholl, déi bewisen hunn, datt eis Gesetzer nach laang net ëmmer konform zur Verfaassung sinn.

Déi aktuell Situatioun kann d’ADR awer net zefridde stellen. Den einfache Bierger ka mat sengem Uleies net direkt virun d‘Verfassungsgeriicht goen, mee muss fir d’éischt déi nor-mal Geriichtsbarkeet uruffen, an dann hoffen, datt dee Riichter eng „question préjudicielle“ iw-wer d’Vereinbarkeet vun deem betreffende Gesetz mat der Constitutioun un d‘Verfassungsgeriicht weider-leet.

Am Ausland, z.B. an Däitsch-land, ass den Zougank op de „Verfassungsgerichtshof“ vill méi liicht. D’ADR verlaangt duerfir eng grëndlech Reform vun eisem Verfassungsgeriicht op e puer Punkten:

De Bierger muss sech kënnen direkt un d‘Verfassungsgeriicht wenden. Natierlech muss

seng Demande virdrun op hir Berechtegung iwwerpréift ginn, fir d‘Verfassungsgeriicht net onnëtz ze belaaschten.

D’ADR ass awer och der Meenung, datt an der Preparatioun vun engem Gesetz d‘Verfassungsgeriicht soll kënnen ugeruff ginn, wann Zweiwelen iwwer d’Conformitéit mat der Verfaassung op-kommen. Sou sollen zum Beispill eng limitéiert Zuel vun Deputéierten oder de Staatsrot sech an sou enger Situatioun un d‘Verfassungsgeriicht wen-de kënnen, fir am Virfeld vum Vote an der Chamber Kloerheet ze kréien.

Weider wëll d’ADR dem Grand-Duc d’Méiglechkeet ginn, fir sech virun der Promulgatioun vun engem Gesetz un d‘Verfas-sungsgeriicht ze adresséieren, wann hien Zweiwel un der verfassungsméisseger Confor-mitéit vun engem votéierte Gesetz huet.

E Staat kann nëmmen demokratesch funktionéieren, wann e seng eege Rechtsnorme strikt respektéiert. Duerfir ass e Verfassungsgeriicht, dat alle Leit um direkte Wee opsteet, fir d’ADR e wichtegt Element

vun enger lieweger Demokratie. An dat ganz besonnesch an eisem CSV-Staat!

Referendum = méi Demokratie

Dir fannt eis Politik gutt? Dir wëllt eis ënnerstëtzen? Da maacht en Don!

Mir däerfen nëmmen Done vu Privatleit unhuelen. Bei Donen iwwert 250 Euro musse mir den Numm vum Donateur bei der Chamber hannerleeën.

Eise Kont: BILLLULL LU83 0027 1404 3370 0000

Merci

Page 8: Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Nummer 3

éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Gitt Member an der ADR, a frot och Är Familljememberen a Frënn, fir Member ze ginn.

De Joresbäitrag ass fir eng Persoun 14.-€, fir e Stot 20.-€, a fir Schüler a Studente 5.-€

Numm & Virnumm: ........................................................................

Adress: ......................................................................... ......................................................................... Telefon: .........................................................................

Email: .........................................................................

--------- ausschneiden an un d‘ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken ---------

ADR Pefferkär Chamberwalen 2013 Säit 8

Den Tëppelchen op den i„…Kaum überraschend ist die Tatsache, dass in erster Linie die Regierung mit Vertrauensverlusten zu kämpfen hat. Konnte die Regierung im Oktober 2010 noch auf das Vertrauen von 66 Prozent der Wähler bauen, sank die Zustimmung innerhalb von drei Jahren auf 51 Prozent…“LW vom 17.9.2013

Überraschend ist wohl eher, dass überhaupt noch 51 Prozent der Wähler Vertrauen in die Regierung haben. Das ist wohl damit zu erklären, dass sie es anscheinend geschafft hat, die dramatische Lage, in die sie unser Land hineinmanövriert hat, dadurch zu verschleiern, dass sie einfach nur Schulden macht und weiterwurstelt wie bisher. „De sechere Wee“ eben, wie ihn die CSV versteht.

Oplag: 223 000 Stéck Verantwortlech fir dëse Pefferkärass d‘Alternativ Demokratesch Reformpartei20, rue de l‘EauL-1449 Lëtzebuerg

de Pefferkär

„…Die LSAP stehe aber auch hinter den Reformen und Maßnahmen, die sie während dieser Mandatszeit in der Regierung auf den Weg gebracht hat. Bodry nannte u.a. das Schulwesen, die Adem-Reform, das Pensionssystem und die „sichtbare und couragierte Außenpolitik…".Tageblatt vom 17.9.2013

Und weil die LSAP-Minister so eine hervorragende Arbeit geleistet haben, ist unser Schulwesen in bester Verfassung, haben wir historisch niedrige Arbeitslosenzahlen, ist unser Pensionssystem dauerhaft abgesichert und hat uns die preußische Kavallerie noch nicht überfallen. Wer’s glaubt, zahlt einen Taler und wählt LSAP.

„…Wir haben den Eindruck, die LSAP hält sich für unverzichtbar. In den vergangenen 40 Jahren regierte die LSAP während 30 Jahren. Wie glaubwürdig können sich die Sozialisten angesichts dieser Tatsache als Partei des Neuanfangs vermarkten?...“CSV-Profil - LW vom 14.9.2013

Genauso glaubwürdig wie die CSV sich als die Partei der Fairness, der Stabilität und des sicheren Wegs vermarkten kann, nämlich gar nicht. Der Neuanfang kann wohl nur gelingen, wenn diejenigen, die unser Land an den Rand des Abgrunds manövriert haben, nicht mehr ans Steuer dürfen.

Hurra, mir retten d’WeltFelicitatiounen Här Juncker, mat Ärer Hëllef ass Lëtzebuerg Welt-meeschter! Enn 2011, wéi et drëms gaangen ass, wéinst der Finanzkris, d‘Mëttele vun der Weltbank erop-zesetzen, huet de Jean-Claude Juncker (et ass ee jo net fir näischt Gouverneur beim FMI) de Fanger am héchsten an d‘Luucht gehuewen.

Lëtzebuerg rett de Globus, an all Lëtzebuerger léint der Weltbank iwwer 4.000 Euro. Déi arem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912 Euro op de Kapp bezuelen, déi aus Däitschland 507 Euro an déi aus Frankräich 482 Euro. Op dem séchere Wee vun der CSV, beim Klamme vun de Staatsscholden, kënnt et op 2 Milliarden Euro och net méi un, oder? D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!

Lëtzebuerg ass net nëmme Weltmeeschter, mir sinn esouguer Weltmeeschter „hors catégorie“! Am Fall vum Prêt vun 150 Milliarden Euro un den FMI muss all Lëtzebuerger de stolze Bäitrag vu 4.024,70 Euro op den Dësch leeën, oder méi wéi 16.000 Euro bei enger Famill mat 2 Kanner. No eis kënnt ganz laang keen. Bei den 13 Länner aus der Eurozon, déi beim Prêt matmaachen, läit den Duerchschnëtt pro Kapp bei 493,08 Euro. Lëtzebuerg ass 8 Mol besser wéi den Duerchschnëttseuropäer, ass dat dann näischt ?

Europameeschter

An der Disziplin, dem Steierzueler säi Geld asetze fir d‘Finanzkris ze meeschteren, ass Lëtzebuerg och Europameeschter. De Spiegel, Nummer 39 vum 21. September vun dësem Joer, bréngt et op de Punkt: „Demnach zahlte jeder Deutsche im vergangenen Jahr 264,80 Euro an den ESM. Die Luxemburger entrichteten pro Kopf 373 Euro, (…).“

De Bäitrag vun engem Lëtzebuerger an den ESM ass also ronn 40% méi héich wéi dee vun den Däitschen! Lëtzebuerg participéiert Cash mat net manner wéi 200,3 Milliounen Euo am ESM, an ass am ganzen eng Verflichtung vun 1,75 Milliarden Euro fir eleng dëse Präbbeli agaangen! Géif Lëtzebuerg am selwechte Mooss wéi Däitschland an den ESM abezuelen, wär eisen direkte Bäitrag ronn 143 Milliounen Euro (also 52 Milliounen Euro

manner!), an eisen Undeel um Stammkapital 1,25 Milliarden Euro, eng hallef Milliard manner!

Lëtzebuerg ass «pro Kapp» Europa- oder Weltmeeschter a villen Disziplinnen, vun der Hëllef fir d‘Cooperatioun iwwert d’Zuel vun Asylanten, Zaldoten am internationalen Asaz, Kyoto-Bäitrag fir den CO2 erofzesetzen, a villes méi.

D’ADR freet: wie rett Lëtzebuerg? Ouni den Iwwerschoss vun der Pensiounskees wär Lëtzebuerg mat sengem Staatsdefizit vun iwwert enger Milliard Euro d‘Joer um séchere Wee aus de Maastricht-Kritären erauszefalen. Wéi esou eng Rettung ausgesäit kann een a Griicheland, Spuenien oder Portugal nofroen.

International Solidaritéit mat Verstand

Och d’ADR steet zur internationaler Solidaritéit, verlaangt awer vun der nächster Regierung, datt dëst mat Verstand muss geschéien. Als Moossstaf fir eis Hëllef a Rettungsschiermer an aner Solidaritéitsmoossname mussen d’Bäiträg vun eisen Nopeschstaaten oder den Duerchschnëtt vun de Länner aus der Eurozon pro Kapp vun der Bevëlkerung gëllen! Och dat wier e wichtege Bäitrag fir d‘Depensë vum Staat erofzesetzen an de Budgetsequiliber ze erreechen, ouni d‘Steieren an d‘Staatsschold an d‘Luucht ze dreiwen.

„Premierminister Jean-Claude Juncker besucht Chaux de Contern..…Ein Thema, was in diesem Zusammenhang angeschnitten wurde, war die geplante Vereinfachung behördlicher Prozeduren. Der Genehmigungsprozess für die Betriebserweiterung habe allein 13 Jahre gedauert, das müsse sich künftig ändern...“ LW vom 12.9.2013

Und das hat der Premier, der die Vereinfachung der behördlichen Prozeduren schon mal zur Chefsache gemacht hat, dann zum x-ten Male versprochen. Wie er es schon fast 20 Mal bei der Erklärung zur Schieflage der Nation getan hat. Wie man sieht, mit durchschlagendem Erfolg.